E Buch vum Här Abbé Jean Ehret

Vill Leit menge jo, mir hätten hei zu Lëtzebuerg keng gutt Leit. Den Androck ass definitiv falsch. Et wor fir mech e Cadeau an denen leschte Joeren e puer wonnerbar lëtzebuergesch Intellektueller därfe kennen ze léieren, dorënner een aussergewéinleche Magistrat, e puer Dokteren a Professeren an ee ganz spannenden Spezialist an der klassescher Philologie. 

Den Intellektuellen iwwer den ech haut schwätzen, kennen ech net perséinlech, mee ech hunn en awer als e ganz gudde Paschtouer an der tridentinescher Mass därfen erliewen – den Här Abbé Jean Ehret.  Hien ernimmen ech hei well ech säi Buch „De Glaawen an d’Gespréich bréngen – Aktualitéit an Traditioun“ wëll recommandéieren.  

En theologescht Buch op lëtzebuergesch ass schonn net alldeeglech – eent wat sech och nach ganz gutt liest ass nach méi remarquabel. Dacks op Basis vu senge Priedegten huet  den Hàr Abbé Ehret et färdeg bruecht theologesch Reflexiounen an einfacher an agreabler Form ze beschreiwen. Hien schreift wéi mir denken a schwätzen a féiert eis gläichzäiteg ëmmer nees bei wichteg Glaawensfroen. Hien erklärt mat Liichtegkeet an op eng plausibel Manéier  villes wou aner Theologen wahrscheinlech géngen hänkebleiwen, z.B. d’Biller aus der Apokalyps.  Den Abbé Ehret ass en oppene Geescht – säi Kolleeg mat dem hien vill iwwer Sënnfroen diskutéiert ass en Atheist. An et ass un dem séngem radikale Standpunkt wou hien seng eegen Iwwerleeungen an Iwwerzeegungen dacks préift a miesst.          

An enger Zäit wou iwwer de Glaawen dacks nëmmen pauschal an erofwierdegend geuerteelt gëtt – meeschtens ouni iergend eppes dovun ze wëssen – ass dat Buch eng richteg Beräicherung fir jiddereen den wëll wéinstens mol denken ier en uerteelt – haut ass dat schonn eng ganz rar Démarche! 

Dat Buch ass 2011 bei Books on demand GmbH, Norderstedt erauskomm, ISBN 978 38 42 379 107. Et huet 195 flott Säiten.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert