De Moien hunn ech geduecht net gutt ze héieren: den Här Generalvikar Gillen wees anscheinend net wéi d’CSV fonctionnéiert! Emmerhin déi Partei, déi seng Zeitung zu 95% fëllt, de Recht sinn d’Doudesannoncen.
http://news.rtl.lu/themen/wahlen/471651.html
Ma, dann elaabt mir fir Iech, Här Generalvikar, dat ze erklären: d’CSV brauch Aer Zeitung an Aer Stëmmen. Méi net. Mat Aerem Glaawen huet si ABSOLUTT NAICHT méi um Hutt.
Den Här Juncker schwätzt heiansdo nach – wann de Kader sech dofir prêtéiert – vu Waerter a vun der kathoulescher Sozialléier. E gewësse sozialen Engagement huet hien och nach, bei de Waerter wär ech awer scho bedeitend méi viirsiichteg. Do leeft menger Meenung no just nach den Europäesche-Federalismus-Programm, den Gender-Mainstreaming an den „Ech si Premier“-Reflex.
De Reliounsunterrecht verschwënnt selbstverständlech och an der Primärschoul. Dat ass awer eréicht fir déi nächste Kéier. D’CSV mecht dat Schrëtt fir Schrëtt. 2013 de Secondaire, a 5 Joer de Primaire.
Beim Walrecht fir Auslänner huet si et genee sou gemaach: fir t’éicht d’Gemengewalen, dono konnten Auslänner och Buergermeeschter a Schäffe ginn, an lo geet et Schrëtt fir Schrëtt un d’Nationalwalen.
Här Generalvikar, gitt dach endlech waakrech!