D’Piraten fuerderen de Contraire vun dem wat se fuerderen!

D’Piraten hunn also nes méi staatlech Transparenz gefuerdert. Ech geng normalerweis net op déi Presskonferenz agoen well si fir déi politesch Diskussioun näicht Sënnvolles oder Neies bruecht huet, mä zwee Aspekter fannen ech awer interessant genuch fir e Kommentar ze maachen.

Den éichten ass, dat d’Piraten de Fonctionnement vum Stat iwwerhaapt net verstinn. De Prozess an dem Gesetzer entstinn ass och lo schonn souwuel transparent wéi ëffentlech. D’Chamber, d’Chambres professionnelles de Staatsrot an selbstverständlech d’Regirung selwer maachen hir Projeten, Propositiounen, Avisen a Kommentaren public, inklusiv d’Rapporten vun de  Chamberkommissiounen. Och ONGen (Nët-Regierungsorganisatiounen) an aner interesséiert Kreeser schreiwen  geleeëntlech Contributiounen déi och publizéiert ginn an kënnen mat consideréiert ginn.  D’Piraten wëllen awer dat souguer an der Entstehungsphas vun engem Projet alles ëffentlech ass. Dat ass vollkommen onrealistesch a souguer kontraproduktiv well dat jo nëmmen zu engem enormen Duercherneen bei enger Mültitüd vu verschiddenen Texter an verschiddenen Stadien vun hirer Elaboratioun féiert. Och dréit nach keen fir sou Vir-vir-Projeten an initial Iwwerleeungen eng politesch Verantwortung. Sou Iddien gengen de Gesetzesviirbereedungsprozess héchstens lähmen.

Och d’Finanzkontroll ass geregelt a si gëtt vun der Chamber an der Zësummenaarbecht mat der Cour des Comptes ausgeféiert. Do léisst sech secher nach munches verbesseren – zum Beispill duerch bedeitend méi Kompetenzen fir de Rechnungshaff ( Kompetenz fir d’Kontroll vun de Gemengen, Analys vu Gesetzesprojeten am Viirfeld vun der parlamentarescher Aarbecht) – awer secher net doduerch, dat einfach laang Zuelelëschten publizéiert ginn. Mir brauchen virun allem méi analytesch Kompetenz.

Dat zweet ass, dat de Piraten hir schrëftlech Propositiounen  dem Text vun hirer mëndlecher Presskonferenz oppe widderspriechen.  Si hunn dat Hamburgecht Transparenzgesetz, dat ech hei verlinkt hunn,  http://www.luewu.de/gvbl/2012/29.pdf, fir hir eegen Gesetzespropositioun einfach bal komplett an ouni vill Verännerungen ofgeschriwwen.

De Punkt ass, dat am Hamburgeschen Gesetz genee déi Saachen déi si verlaangen, NET virgesinn sinn, an dat si dat dann och nach blannemännerchers mat ofschreiwen!

Beispill 1 (Entwürfe der Regierung)- Piratentext:

„§ 6 – Schutz öffentlicher Belange

(1) Von der Informationspflicht ausgenommen sind die unmittelbare Willensbildung

der Regierung, Entwürfe, vorbereitende Notizen und vorbereitende Vermerke.

(2) Ebenfalls von der Informationspflicht sollen ausgenommen werden

1. Entwürfe zu Entscheidungen sowie Arbeiten und Beschlüsse zu ihrer

unmittelbaren Vorbereitung, soweit und solange durch die vorzeitige Bekanntgabe

der Informationen der Erfolg der Entscheidungen oder bevorstehender

Maßnahmen vereitelt würde.“

Beispill 2: (Geschäftsbezéiungen) – Piratentext:

„§ 7 – Betriebs- und Geschäftsgeheimnisse

(1) Betriebs- und Geschäftsgeheimnisse sind alle auf ein Unternehmen bezogene

Tatsachen, Umstände und Vorgänge, die nicht offenkundig, sondern nur einem

begrenzten Personenkreis zugänglich sind und an deren Nichtverbreitung der

Rechtsträger ein berechtigtes Interesse hat. Ein berechtigtes Interesse liegt vor,

wenn das Bekanntwerden einer Tatsache geeignet ist, die Wettbewerbsposition

eines Konkurrenten zu fördern oder die Stellung des eigenen Betriebs im

Wettbewerb zu schmälern oder wenn es geeignet ist, dem Geheimnisträger

wirtschaftlichen Schaden zuzufügen.

(2) Informationen und Vertragsbestandteile, die Betriebs- oder

Geschäftsgeheimnisse enthalten, unterliegen der Informationspflicht nur, soweit

das Informationsinteresse das Geheimhaltungsinteresse überwiegt.

(3) Bei Angaben gegenüber den Behörden sind Betriebs- und

Geschäftsgeheimnisse zu kennzeichnen und getrennt vorzulegen. Das

Geheimhaltungsinteresse ist darzulegen. Bei der Veröffentlichung oder der

Information auf Antrag sind die geheimhaltungsbedürftigen Teile der Angaben

unkenntlich zu machen oder abzutrennen. „

Och d’Etüden déi fir de Staat gemaach ginn, kënnen ausdrécklech nëmmen ënner denen Viirbehalter a Conditiounen publizéiert ginn, déi an dem Gesetz an gläich e puer Paragraphen stinn.

Allgemeng wëll ech awer nach virun all ze vill Transparenz warnen. Sëcher huet de Bierger seng Rechter an de Stat schafft fir de Bierger. Op där aner Säit huet de Bierger awer och Flichten géintiwwer dem Stat den als demokratesch legitiméiert  Organisatiounsform d’Emsetzung vum  „bien commun“ soll garantéieren. An de Schutz vun dem gemeinsamen a Gesamt-Interessi ass och e Wäert den een net därf aus den An verléieren.

Och an der Transparenzdebatt gëllt et, bei aller Suerg ëm d’Rechter vum Bierger op Informatioun,  fir ëmmer och Verantwortungsgefill an en zolitte  Sënn fir staatlech Interessien ze behalen.

Dobäi därfen déi privat Interessien vun de Bierger an de Schutz vun hirer Privatsphär ni ze kuerz kommen. Ech well awer net, dat d’Transparenz zu engem politesche Fetisch gëtt. Mir landen dann iergendwéini bei schwedeschen Zoustänn wou et och net méi vill Privatsphär gëtt, mol net méi bei de Steieren a beim Akommes vun de Privatpersounen.

 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert