Dem Här Xavier Bettel seng selektiv Trennung vu Kierch a Staat

Hei am Land hu mir eng kleng a sympathesch Communautéit vu Baha’i. Fir Nationalfeierdag invitéieren si ëmmer d’Deputéierten an ech ginn och ëmmer gär dohin.  

D’ADR huet jo och bekanntlech keng Beréierungsängscht mat de Reliounen. Aanecht wéi d’DP…

Allerdéngs schengt sech bei der d’DP déi Distanzpriedegt ganz selektiv an exklusiv op déi kathoulesch Kierch ze bezéien. Den Här Bettel huet sech jo och schonn dofir ausgeschwat, datt hei am Land keng Kierchtierm méi därfte gebaut ginn: „In Zukunft möchte ich in Luxemburg prinzipiell keine ostentativ religiösen Gebäude. Sollte morgen eine neue Kirche gebaut werden, dann bitte ohne Kirchturm“.

Bei de Baha’i huet den Här Bettel allerdéngs keng Problemer mat ostentativen (dat heescht: opfälleg, demonstrativ, betount) Sténg a Plaquen. Do geet hie souguer héchstperséinlech (virun engem Joer, am Oktober 2012) eng Plaque aweien an hien éiert déi Communautéit.

http://shar.es/KI7oA

Dat fannen ech perséinlech gutt! Mee firwat dann net déi selwecht positiv Haltung bei der kathoulescher Kierch? Wéi ass et méiglech, datt den Här Bettel bei denen engen d’Trennung vu Kierch a Staat priedegt an ostentativ Zeechen wëll verbidden a bei denen aneren als Buergermeeschter eng ostentativ Plaque aweie geet?

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert