Hei ass ën: den ADR-Walprogramm!

Vill Leit hu jo ongedëlleg op dësst Dokument gewaard, abee hei ass et!

Ech si perséinlech mat dësem Programm ganz zëfridden. De Nationalcomité vun der Partei huet zësummen mat de Kandidaten dëse Programm ausgeschafft a Kapitel fir Kapitel duerchdiskutéiert. Ech froe mech, ob dat an denen anere Parteien genee sou transparent an demokratesch gemaach gëtt wéi an der ADR. 

 http://www.liliana.lu/wp-content/uploads/2013/10/WALPROGRAMM.pdf

Als  richtege Konservativen freeën ech mech besonnesch iwwer dëss Kapitelen:

– Staatsfinanzen: spueren amplaatz méi Steieren

– Wirtschaft: fir d’Entreprisen bei gläichzäiteg staarkem Sozialstaat

– Schoulen mat Leeschtung a Niveau. Keng Delvaux-Reformen!

–  Gesellschaftspolitik: Schutz vum Liewen (bei der Euthanasie, der Ofdreiwung an a bioethesche Froen), neen zum Homo-Bestietnis awer mat enger alternativer Propositioun, e klore Jo zum Reliounsunterrecht.

– d’Famill als Kärzell vun der Gesellschaft gëtt gestäerkt.

– eng kloer Sprooch géint d’Kriminalitéit a fir eng staark Justiz.

– Staat: fir d’Lëtzebuerger Sprooch, géint d’Walrecht fir Auslänner, fir eng richteg Integratiounspolitik.

– Baussepolitik: méi Lëtzebuerg, manner Europa.  D’Entwécklungshëllef gëtt op o,7% vum BNA rofgesat. 

Ech mengen, datt vill Lëtzebuerger an dësem Programm staark Argumenter fannen, fir d’ADR ze wielen! En ass däitlech aanecht wéi de Programm vun denen anere Parteien:

– en ass detailléiert an éierlech: mir soe genee wat mir denken a wat mir maache wëllen!

– e gëtt denen eng geeschteg Heemecht déi Patriotismus net mat Rassismus verwiesselen,

– en ass fir déi geschriwwen déi wëllen dat et och mar nach ë Lëtzebuerg mat senger eegener Identitéit gëtt!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert