Pour le peuple malien, pour la paix au Mali!

Wann een sou d’Zeitungen kuckt  da gesäit een, dat sech um lénke politesche Bord de Widderstand géint den militäreschen Asaz am Mali lues a lues forméiert. Do sinn all Argumenter gutt  fir de Krich géint den Terror als en neien Akt vun Imperialismus a Kolonialismus ze stiliséieren.

Déi eng soen et oppen, déi aaner vläicht méi verstoppt. De CLAE zum Beispill mecht op sengem nächsten „Festival des migrations et des cultures“ Musek „pour le peuple malien, pour la paix au Mali„. Gott wees, wat domat gemengt ass. Fridden am Sënn vun den  Terroristen oder Fridden am Sënn vun der UNO an der EU? Fir de Fridden si mir jo all, mä fir wéi een wann-ech-gelift? Fridden ënnert der Scharia oder Fridden ënnert enger legitiméierter an international unerkannter Regierung? Et gëtt do gewëssen Ennerscheeder.

Mä well mir all d’Musek gär hunn an all fir de Fridden sinn, wëll natierlech och „Déi konservativ Säit“ e musikalesche Bäitrag fir de Fridden am Mali leeschten.

Hei ass en:

Mir wënschen denen couragéierten franséichen an alliéierten Truppen Erfolleg an hirem Asaz a mir bieden fir si.  Si sollen hir Schluechten gewannen a méiglechst keng eege Verloschter ze bekloen hunn.

Vive la France! Que Dieu protège les forces françaises et alliées au Mali!

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert