An enger DP-Broschür déi dëser Deeg an eise Bréifkëschte loug, huet eng Kandidatin dee schéine programmatesche Sproch bruecht: „D’Rechter vun de Kanner méi ënnerstëtzen“. Komesch, dat vun enger Partei ze héieren déi fir en Homo-Bestietnis mat Adoptiounsrecht antrëtt an dobäi och nach fir eng Leihmutterschaft. D’DP steet net fir d’Rechter vun de Kanner mee fir e Recht OP e Kand. An dat ass eppes fundamental Anecht!
Am DP-Programm steet:
„Leihmutterschaft gesetzlich regeln
Die DP wird die Grauzone die zur Zeit im Bereich der Leihmutterschaft besteht, beheben und eine ausgeglichene gesetzliche Grundlage dafür schaffen„.
A genee dat ass ethesch problematesch. Da si mir mol drop gespaant, wat d’DP dann sou alles proposéiert fir d'“Grozon“ opzehellen. Aarm Fraen an Indien an a Südafrika ginn schonn haut fir dat do neit Massegeschäft a „Gebärfarmen“ gehal. Ech froe mech och, wat d’DP dann vun der psychologescher Situatioun vun enger Fra denkt, déi hire Kierper verlount fir Kanner op d’Welt ze setzen déi hir net sinn. Ech hu jiddefalls den Androck als géng d’DP déi fraefeindlech Dimensioun vun hirer Propositioun mol geeschteg ausblenden.
http://fr.wikipedia.org/wiki/Gestation_pour_autrui
An dësem Artikel iwwer d’GPA (Gestation pour autrui/ Leihmutterschaft) gëtt zu Recht betount: “ Leur (gemengt sinn d’mères porteuses) rôle soulève des problèmes d’ordre éthique concernant notamment le risque de marchandisation du corps humain, l’atteinte à la dignité des femmes et la négation du lien qui s’établit entre la gestatrice et l’enfant pendant la grossesse[5].“ All eenzelne vun dësen Aspekter géng eng detailléiert an déif Diskussioun verdéngen. D’DP huet jiddefalls net verstaan, dat net alles wat ee fir Suë ka maachen och erlaabt muss sin. Déi Barrière déi dat verhënnert heescht Ethik. Déi huet awer net jiddereen.
D’Bestelle vu Kanner a vu Fraen déi se sollen ausdroen wéi Wueren an engem Katalog ass jiddefalls keng Banalitéit. Déi Manéier wéi eng geléinte Mamm eraus gesicht a behandelt gëtt ass dacks mënschenonwierdeg. An niewent denen etheschen an affektive Problemer gëtt et och nach eng ganz Rei vu legale Problemer. Dorun kaann een zwar juristesch dokteren, mee déi fundamental Problemer bleiwen trotzdem bestoen.
Ech gesi jiddefalls en direkten Zësummenhank tëschent der DP-Fuerderung no engem Homo-Bestietnis an der Fuerderung d’Situatioun vun de geléinte Mammen gläich mat ze regelen. D’Recht op e Kand eben…
Aktualiséierung:
An dem Zësummenhank fannen ech och nach dësen Artikel bedenkenswert:
http://www.tageblatt.lu/nachrichten/story/Schwangere-aus–Babyfabrik–befreit-20514643
Wéi sou oft ass net alles schwaarz a wäiss.
Eng komplett friem Fra bezuelen fir dass se e Kand ausdréit mecht mir och Ramoueren am Mo. Mee wann z.B. eng Schwester vun engem vun de Partner an der Koppel dat well maachen, an d’Koppel da fir hiere Verdengschtausfall opkennt – da gesäit et dach anescht aus, oder?
Ech sinn och der Meenung, dass een net alles ka mat Souen erledegen. Mee dass fir eppes, wat geschitt, e Kader geschaaft get, fannen ech scho sennvoll.
Ech iwerlee mer grad, dass Lenkser am Fong geholl misste géint den Avortement sinn. All Kand wat méi zur Adoptioun kennt giff hier Chancen jo erhéichen 😉