Mir hunn hei am Land och eng Associatioun fir e gerechte Fridden am Noen Osten – u sech eng formidabel Iddi! Leider ass dee Comité zimmlech eesäiteg anti-israelesch. Obschonn ech Versteesdemech fir eng Rei vun hiren Uleies hunn, besonnesch an humanitäre Froen, sinn ech awer absolut géint déi plakativ Verdäiwelung vun Israel déi do dacks bedriwwe gëtt.
Ech bedaueren, datt iwwer dat vill Gutts wat Israel mecht ni, awer och absolut ni, an eise Medien geschwat gëtt.
Zum Beispill gi vill syresch Krichsverletzter am Abléck an israelesche Kliniken versuergt – absolut gratis natierlech. Ech fannen, och dat verdéngt et mol ernimmt a gelueft ze ginn.
„De Comité pour une paix juste au Moyen Orient“ heescht jo net „Comité anti-israélien“, och wann een dat dacks kéint méngen. Firwat seet de Comité näicht iwwer Syrien, e Land dat bekanntlech och am Noen Osten läit? Oder iwwer Aegypten? Iwwer d’Nout vun de Kopten?
An hirer Charta steet als Zil: „soutenir une paix juste dans cette région du monde“.
„Texte de la Charte du CPJPO
suite à l’AG extraordinaire du 19 janvier 2011
.QUI SOMMES NOUS ?
° Hommes et femmes d’horizons politiques, professionnels, philosophiques et religieux différents, nous avons créé le Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient – Luxembourg en avril 2002 afin de soutenir une paix juste et durable dans cette région du monde.“
Abee, well Israel net verantwortlech fir de Krich a Syrien ass, ass dat nach laang kee Grond fir zu dem Thema näicht ze soen. Ech fannen d’Credibilitéit vu sou enger Organsiatioun, déi jo déi politesch Parteien vill démarchéiert, hänkt och dovun of, ob si och z.B. iwwer Syrien an iwwer Aegypten eppes Pertinentes ze soen huet. De Noen Osten besteet net nëmmen aus dem israelesch-palästinensesche Konflikt.
E ganz gudden Artikel dat do, Här Kartheiser!
E weidere Beweis fir d’Israel-Feindlechkeet vun der CPJPO gouf et jo viru ronn engem Joer beim Fussballmatch Lëtzebuerg -Israel, wou déi genannten Associatioun de Sport fir Politik mëssbrauche wollt, nämlech mat den übleche Sprech wéi „Israel, stop Occupation“. Also sinn se ganz kloer eesäiteg! An duerno hu se sech op hierer Homepage entsaat driwwer gewisen, datt Lëtzebuerger Supporter & d’Uerdnungskräft deem Spillchen en Enn gesaat hunn.
Esou wéi een an de Bësch rifft, esou schaalt et och zréck…
Ech hun den Androck, datt et hei ass wéi bei ons: wann hei no Trennung vu Kierch a Staat gejaut gët, ass ëmmer nëmmen d’kathoulesch Kierch gemengt. Wa géint Israel gejaut gët, schéine mer ëmmer nëmmen d’Membere vun der jüddescher Relioun gemengt ze sin! Also eesäiteg a complett ignorant, mee dack genuch einfach onéierlech (a feig) an opportunistesch!