Den Här Ministerkandidat Goerens huet Problemer mam DP-Walprogramm

Am Walprogramm vun der DP stet heiansdo en intelligente Saz. Zum Beispill den hei: „Die DP wird auch dafür sorgen, dass luxemburgische Unternehmen sich verstärkt an der Verwirklichung der Projekte der Luxemburger Entwicklungszusammenarbeit beteiligen.“

Domat hat d’DP witzegerweis e Schlussstrëch ënner d’Aera vum Här DP-Ministerkandidat Goerens gezunn, well just hien jo duerchgesat hat, dat d’Entwécklungshëllef misst absolut ongebonne sinn. 

Gëschter owend op engem Ronndëschgespréich huet dunn den Här Goerens d’DP vertrueden a gouf och vun der Modératrice op dee Punkt ugeschwat. Den Här Goerens ass dunn e bësschen a Verleeënheet geroden an huet direkt mol präziséiert dat dee Passage geschriwwe gi wär, ier hien sech iwwerhaapt decidéiert hätt fir Kandidat ze ginn. An dono huet hien den do Programmpunkt sou klenggeried, datt bei engem Minister Goerens fir déi lëtzebuerger Entreprisen awer wierklech net méi vill ze huelen ass.

Lëtzebuerger Entreprisen, déi wëllen un der Enwécklungshëllef mat verdéngen – wat nëmme richteg a legitim ass – mussen also op d’ADR setzen!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert