Dem Här Nicolas Schmit seng abstrus Asylpolitik

Ufank Oktober koum et virun der italienescher Insel Lampedusa op e Neits zu engem schrecklechen Drama. Ganz vill Mënschen si schonn erdronk wou si probéiert hunn europäeschen Territoire op ongëeegente Schëffer ze erreechen. Niewent allem Leed a Matleed, dat eis duerch sou Katastrophe bewegt, muss och ëmmer d’Fro gestallt ginn, ob politesch Konsequenze musse gezu ginn.

Richteg ass jiddefalls d’Mëttelmier besser ze iwwerwaachen. Sou Initiativen goufe lo geholl. Richteg ass et och, datt d’EU-Partnerlänner Italien dobäi ënnerstëtzen, z.B. duerch eng operationnell Capacitéit vu FRONTEX.  Richteg ass et mat aller Häert géint Schleiserbanden a Mënschenhändler  virzegoen. Falsch wär et awer lo déi europäesch Immigratiounsgesetzer oder d’Asylregelen nei ze faassen fir si nach méi permeabel ze maachen. 

Den Här Nicolas Schmit (LSAP), huet awer net nëmme genee dat wëlles, mee ën huet dobäi och nach komplett d’Orientéierung verluer. Ech verstinn all Emotiounen viru mënschlechem Leed, mee wann een als Minister schwätzt, misst een awer trotzdem nach zu enger rationneller Analys fäheg sinn.  

Den Här Schmit probéiert et lo ze erméiglechen, datt all déi Wirtschaftsflüchtlingen – wëll et si jo där ëm déi et hei geet – schonn an hire Länner kéinten Asyl an Europa froen:   

Ne faudrait-il pas travailler directement sur place? Voir s’il ne serait pas possible pour les gens de faire leur demande d’asile là-bas.»

 http://www.lequotidien.lu/politique-et-societe/49403.html

Ech gesi schonn d’Schlaangen virun den Ambassaden. An da gi mir sëcher déi Leit mat der Luxair sichen?

Sou Iddien si jo sëcher gutt gemengt, mee misst een als Politiker net awer eng Grëtz méi wäit denken? Wat wären dann déi laangfristeg Konsequenzen vun sou Initiativen fir komplett oppe Grenzen? Wéivill Leit packt Europa, wéivill packt eist Land? Wéi naiv däerf e lëtzebuerger Minister eigentlech sinn?

Ech denken, datt mir eis mol als Lëtzebuerg sollten drop konzentréieren fir eis 44% auslännesch Matbierger an eis Gesellschaft ze integréieren. Domat hu mir op Joeren méi wéi genuch ze dinn. Selbstverständlech musse mir dobäi och nach politesch Flüchtlingen ophuelen, dat ass jo eng nobel, international Verflichtung. Awer mir kënnen dach net am Eecht drunn denken, fir all déi Millioune Leit déi leider an Aarmut op dëser Welt liewen an Europa oder hei zu Lëtzebuerg opzehuelen!

Fir dene Leit ze hëllefen gëtt et aner Méiglechkeeten, wéi z.B. eng gutt a fair international Handelspolitik, eng vernënfteg Kooperatioun, eng verantwortlech Finanzpolitik am internationale Bankewiesen wéi och diplomatesch Mëttelen.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert