D’Piraten hoffen op 0,5%

Et ass, wann een sech d’Saach genee iwwerleet, awer schued, datt et nëmme néng Parteie ginn.  Well et mecht einfach Spaass Walprogrammer ze liesen, zum Beispill dee vun de Piraten.

Also d’Pirate wëllen, datt all Partei déi 0,5% vun de Stëmme kritt, Recht op staatlech Ennnerstëtzung huet. Déi brauche si och, well si hu jo hire Walkampf mat 9.832,22 Euro ugefaang an an der Tëschenzäit wäerten si en décke Koup Scholde gemaach hunn. Wéi vill genee steet leider net beim Kapitel „Transparenz“ op hirer Spawéckssäit, mee hir Memberen ginn et bestëmmt nach gewuer. 

D’Staatsbeamten solle nëmme nach op Leeschtung bezuelt ginn. An déi soll vun dem jeeweilege Supérieur evaluéiert ginn. Domat wäre mir dann an der Diktatur vun der Paltongszéierei an am Kinnekräich vum Arbiträren ukomm.

Bestuete Koppelen solle keng Steiervirdeeler méi hunn, well déi si jo diskriminatoresch fir Leit déi net dat Gléck haten e Partner fir d’Liewen ze fannen.

D’Burqa ass fir d’Piraten eng fei Saach wëll jiddereen soll sech kënnen sou undoe wéi e wëll, besonnesch wann déi reliéis Fräiheete betraff sinn.

De Staat soll sech aus der Wirtschaft zréckzéien. Bank – a Finanzdéngschtleeschtungen solle streng getrennt ginn (dat verstinn ech zwar net sou richteg, mee et ass bestëmmt och eng Super-Iddi!).

Online-Glécksspiller sinn e legitimen a milliardeschwéiere Maart vun dem och Lëtzebuerg eppes kéint hunn.

Ubau a produzéiere vu psychotrope Substanzen fir den eegene Bedarf dierfen net bestrooft ginn.

An wen op dëser Welt homosexuell. bi-, trans oder soss eppes ass kritt zu Lëtzebuerg e Recht op Asyl.    

Dat alles kritt een mat der Lëscht o,5, pardon 5.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert