Eng intelligent Studentin schreift dene Gréngen

 
Déi Gréng hunn un déi jonk Wieler e Bréif rausgeschéckt an dem si Reklamm op engem Ziedel maachen den dën Titel: „Déi éichte Kéier ass schonn eppes Besonnesches“ dréit.  Dorop ass de Geschlechtsakt gewisen – ongewinnt diskret fir déi Gréng ënnert enger Decken. 
 
Déi Manie fir Politik mat Sex ze vermëschen gefällt awer net jiddferengem. Dobäi kënnt, datt déi Gréng domatt weisen, datt si  déi jonk Leit net fir richteg eecht huelen. Gëschter kruut ech eng Kopie vun enger Aentwert geschéckt, déi eng jonk Studentin dene Gréngen geschéckt huet. Ech fannen hire Bréif  exzellent a publizéieren ën hei – mat der frëndlecher Erlaabnis vun där Studentin – an anonymer Form.
 
Guten Tag,

ich heiße (XXX), bin 18 Jahre alt und werde am Sonntag zum ersten Mal meine Stimme abgeben. Dazu gehört, dass ich meiner politischen Verantwortung bewusst werden muss, was eine gewisse geistige Reife voraussetzt. Aus diesem Grund war ich enttäuscht über Ihre Werbung “ dei eischte Keier ass schonn eppes besonneches „. Viele junge Menschen, mich mit eingeschlossen, sehen sich als Erwachsene und wollen auch von anderen so betrachtet werden. In diesem Sinne empfand ich diese Werbung als peinlich und unangebracht, weil ich das Gefühl habe, dass Sie mit dem faden Humor des schalen Wortwitz auf der Werbung die Jugend und das, was sie bewegt, ansprechen zu glauben. Das ist meiner Meinung nach äußerst beunruhigend, da Ihre Partei anscheinend die luxemburger Jugend verkennt, indem Sie glauben uns mit einer solchen abschätzenden Werbung erreichen zu können. Das ist jedoch nicht der Fall, denn wir sind erwachsene Menschen, die die Zukunft des Landes auf unseren Schultern tragen und wollen demnach auch ernst genommen werden. Alles in allem wollte ich Ihnen nur diesbezüglich meine Meinung mitteilen und meinen Missmut gegenüber Ihrer Werbung kundtun.

Ich hoffe auf eine klärende Antwort und wünsche noch einen angenehmen Tag.“
Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

7 Kommentare zu Eng intelligent Studentin schreift dene Gréngen

  1. Pol sagt:

    Richteg! A grad esou blöd, ouni Sënn an ouni Zesummenhank mat de Wale fannen ech d’Verdeele vu Condomer! Do, mee och soss, kann ech déi Gréng iwwerhaapt net méi eescht huelen.

  2. Claude Biver sagt:

    Immens penibel Här Kartheiser.
    Déi éischt Walen fir all Mënsch sinn eben eppes besonnesches, well do en neien Deel am Liewen vun der Persoun ufänkt an een endlech och um politesche Prozess deel huele kann. Dat huet weder eppes mat bevormunden ze dinn (hutt Der dat net nach vergiess de gréngen virzegeheien?) nach domat, dass de Jonken nogesot gëtt, si wieren net erwuessen. Eben am Géigendeel!

    Erwuesse sinn heescht och, Verantwortung z’iwwerhuelen, dat heescht och, sech an säin oder seng Partner beim Sex ze schützen.

    Et sprécht jo och enorm fir Iech, dass d’Thema Sexualitéit nach ëmmer absolut als Tabu behandelt gëtt. Wéi et ausgesäit, sidd Dir nämlech net bereet, richteg Verantwortung z’iwwerhuelen, a scho guer net a soziale Froen. Et kann een nëmmen hoffen, dass Dir e Sonndeg NET méi an der Chamber vertruede sidd, well mir brauche Leit mat Wäitbléck, déi Problemer och thematiséieren an och upaken, an net nëmmen verdäiwelen!

  3. André sagt:

    Oh wat een ignorante „Commentar“! Dir kennt den Här Kartheiser iwwerhaapt net, soss hätt Der de Géiendeel geschriwwen!! Dréint alles ëm, wat Der géint hie geschriwwen hutt, also dréint et géint déi Gréng, da leit Der richteg! Typesch och, fir op den Här Kartheiser ze klappen, total zu Onrecht, mee mat kengem Wuert de Bréif vun der Studentin, deen hei publizéiert ass, ze „commentéieren“! Well Der wësst, datt si Recht huet!
    Immens penibel ass hei just Äere „Bäitrag“! Mee et ass gutt, datt e publizéiert gin ass, da weess een, firwat een op kee Fall déi Gréng wielt!

  4. Claude Biver sagt:

    Beschäftegt Iech fir nëmmen 5 Minutte mat Biopolitik, da wësst der, wisou och Sexualitéit politesch ass.

    An dach, ech kennen den Här Kartheiser, an ausserdeem liest een déi relevant Informatiounen hei jo eraus.

    • fkartheiser sagt:

      Bonjour, Här Biver!

      Aere Kommentar vum 18.10 hunn ech publizéiert aus ganz ähnleche Grënn wéi den André se a senger Reaktioun beschriwwen huet. Och ech fannen Aere Kommentar an der Saach an am Toun vollkommen inappropriéiert. Anecht wéi Dir et an Aerem Kommentar vum 19.10 gesot hutt, mengen ech och net déi Eier ze hunn Iech perséinlech ze kennen.

      Mat beschte Gréiss,

      Fernand Kartheiser

  5. André sagt:

    Jo, déi Gréng an Däitschland weise jo gutt, datt Sexualitéit och politesch ass. Liest d’Artikelen iwwert dem Här Cohn-Bendit a Consorten hir pädophil Virstellungen. Wéi gesot, Dir weist mat Äerer Manéier, firwat vill Leit déi Gréng net wielen.

  6. Pierre sagt:

    Haer Biver,
    Den Bréif an Kritik vun der Studentin schengt Iech getraff ze hunn. Ce n’est que la vérité qui blesse: Biopolitik, Kondomer, etc, hin oder hiir.
    Duerfiir, e besschen manner Bio, an e besschen méi Kapazitéit Kritik ze absorbéiren, nach derbei wann déi Kritik vun enger Erstwählerin kennt.
    Ech wenschen dem Haer Kartheiser bonne chance fiir muer. Miir brauchen Leit wéi hien an der Chamber.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert