Déi lénk Saakgaass

Lo grad hunn ech de Programm vun der „Maison de la laïcité“ gelies. Dat Ganzt nennt sech bistro-philo a wëll sech intellektuell ginn. E puer Zitater fir schéin ze maachen (André Gide, Henri Pena-Ruiz) an da fénkt  den Démontage un:

Démontage vun der Philosophie („La philosophie doit être sortie de sa tour d’ivoire, elle a une valeur pratique, (,…))  soss ass si jo wahrscheinlech näicht „wäert“.

Démontage vun der representativer Demokratie ( „l’idée mëme de la „démocratie représentative“ peut-elle avoir un sens?„).

Démontage vun eiser Natioun („Au Luxembourg (…) les habitants proviennent de (presque) tous les coins du monde. Plus de 44% n’ont pasa nationalité luxembourgeoise. S’y ajoutent chaque jour quelques 160.000 frontaliers qui viennent tous les jours de semaine et rentrent pour se reposer ainsi que les weekends. Et leur participation politique?“)     

Démontage vun der Famill („Mais aujourd’hui, la compréhension classique de ce qu’est resp. peut être une famille est en train d’être dépassée par les changements au sein de la société. Quelques mots clés ont changé la donne et profondément modifié l’image de la famille.“?)

A wahrscheinlech och nach en Démontage vun der Relioun an enger Diskussioun zum Thema „les cultes et la culture de l’au-delà„. Well schliesslech si mir an der „Maison de la laïcité“.

A bei all Kapitel froen ech mech: wéi eng Gesellschaft bidden déi lénk Stréimungen eis dann als Alternativ un? Wéi gesäit den historesche Bilan vun hirer Politik aus?  Wann si alles zerried an zerstéiert hunn, wat kënnt dann? D’Aentwert ass dach Chaos, Diktatur a Mënscheveruechtung! Déi Gesellschaften déi déi Lénk bis lo op der Welt opgeriicht hunn, woren dach een eenzegen Desaster. Hir Ideologien féieren an dee mënschlechen, moraleschen an an den economesche Ruin.

Ech verschléisse mech kenger Diskussioun. Déi haut dominant lénk Ideologien mat hirer virsätzlech gesellschaftszersetzender Wierkung  léise bei mir nach e gesonde Reflex aus: de Wonsch d’Demokratie, d‘ Natioun, d’Famill an de Glaawen ze schützen an ze verdeedegen!  

Et därf een den Architekte vun der Lénksdiktatur d’Feld net iwwerloossen! Déi puer Leit déi an eiser Gesellschaft nach konservativ Wäerter vertrieden, mussen och nees ze héiere sinn!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert