Den Här Asselborn wëll dene syresche Chrëschten net hëllefen

Lëtzebuerg huet jo versprach 60 syresch Réfugiéën opzehuelen, woumat och all politesch Parteien averstane sinn. 

An där leschter baussepolitescher Kommissioun an der Chamber, hat ech den Här Asselborn gebieden, datt mir syresch Chrëschten sollen ophuelen, wëll si net nëmmen ënner dem Krich leiden mee och déi am meeschte verfollegt reliéis Minoritéit am Noen Oste sinn. Et muss ee leider dovun ausgoen, datt Chrëschten a Syrien keng gesëchert Zukunft méi hunn.

Ausserdem wäre Chrëschten jo och liicht hei am Land ze integréieren, sollt hiren Openthalt méi laang daueren, wouvun ee jo muss vernënftegerweis ausgoen.   

Den Här Asselborn huet dat awer refuséiert. Hie wëll et dem UNHCR  iwwerloossen fir raus ze sichen, wéi eng Leit aus Syrien sollen op Lëtzebuerg kommen.  Dat bedaueren ech. Och do gëtt et en Ennerscheed tëschent der LSAP an der ADR: mir géngen sou Decisiounen selwer huelen a mir géngen déi syresch Chrëschten net am Stach loossen.

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert