Theologie ass eng Wëssenschaft fir Leit mat Niveau

Wann et drëm geet fir d’Relioun erof ze maachen, gëtt et jo an eiser Gesellschaft bekanntlech keng Grenzen an der Banalitéit oder der Oninforméiertheet vun der Argumentatioun. Sëcher gëtt et och formidabel Philosophen a Wëssenschaftler déi all Relioun a Fro stellen an och spezifesch d’Chrëschtentum intellektuell a moralesch eraus fuerderen. Mat hinnen muss a soll ee sech befaassen, mat där Karikatur vu Reliounskritik déi hei  am Land vun dene Lénke, Gréngen, Bloen a Roude kënnt awer net onbedéngt.

Ech verstoppe net meng grouss Bewonnerung fir de Poopst Benedikt XVI. Ech sinn iwwerzeegt, datt hien als ee vun dene gréisste Nofolger vu Péitrus iwwerhaapt an d’Geschicht ageet. Seng Bicher a Bréiwer si fir all Mënsch  –  a net nëmmen fir all Gleewegen – eng Invitatioun op eng spannend Rees an den Héichten vum mënschlechen Denken. Och nach am héigen Alter schreift den emeritéierte Poopst Bréiwer  déi duerch hir Eruditioun a Stringenz zu dem gehéieren wat een intellektuell opotmen léisst. Firwat loosse mir an eise Schoulen déi geeschteg Dimensiounen vun eiser Kultur an eisem Denken nëmme sou verkommen? 

De Bendeikt XVI. huet lo eng Aentwert op déi Reliounskritik a Bréifform vum italienesche Mathematik-Professer Piergiorgio Odifreddi, Caro Papa, ti scrivo,  geschriwwen. Well et einfach schéin ass, sou Texter ze liesen, ginn ech hei de Link un: 

 http://www.kath.net/news/43292

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert