Fir gewéinlech ass een jo als Politiker Villes gewinnt. Zëmools an dene leschte Wochen hunn ech no mengem Récktrëtt als ADR-Parteipresident sou munches ze héiere kritt. Politiker ass nun eemol wierklech keen Job fir ganz empfindlech Leit. A wann een vun enger Funktioun zréckgetrueden ass, da kommen op emol all déi besonnesch couragéiert Kritiker aus hire Lächer, fletschen nach eemol d’Zänn an trëppelen op dem wat si fir e politesche Kadaver halen. An där Hinsicht kann een sech allerdéngs och mol ieren.
Kritik un der Politik an um Politiker ass an enger demokratescher Gesellschaft net nëmmen erlaabt, mä si ass onverzichtbar an ausdrécklech erwënscht. D’Press huet als „véierte Pouvoir“ eng wichteg Kontrollfunktioun. Mä muss een sech als Politiker grad alles gefale loossen ? Sou richteg et ass e Politiker no senger Politik ze beuerteelen, sou zweifelhaft ass et awer wann e Journalist, amplaatz op dem Niveau vun der politescher Reflexioun an Diskussioun ze bleiwen, Argumenter duerch perséinlech Beleedegungen ersetzt.
Am Kulturissimo schreift zum Beispill e bekannte Schrëftstëller a Journalist , ech zitéieren: « die Machtgelüste des bigotten, frauenhassenden, Egomanen Kartheiser ». Ass dat nach berechtegt, politesch Kritik oder scho perséinlech Frechheet ? Menger Meenung no dat zweet. Hei gëtt jo net meng politesch Aarbecht bewäert oder ënnersicht, mä ech ginn als Persoun ugegraff.
Dat e Politiker « Machtgelüste » huet, ass jo wuel normal. E vertrëtt bestëmmten Iddien déi e wëll an eiser Gesellschaft zur Geltung brengen, an dat geet nun eemol iwwer de Wee vun der demokratesch legitimiéierter Muecht. An aanecht wéi de Journalist ass de Politiker souguer demokratesch legitiméiert fir seng Meenungen ze vertrieden. Hei sollt een dem aneren seng Roll an der Gesellschaft respektéieren.
Bigott ? Sinn et da net grad déi Lénk déi ëmmer soen d’Relioun wär eng Privatsaach an si hätt an der Effentlechkeet näicht verluer ? An lo op eemol spillen grad sou Leit vum lénke Bord sech op, als kéinten si iwwer meng privat, reliéis Astellungen en Uerteel ofginn ? Ausgerechent déi Lénk als Wiechter vun der richteger Hëllegkeet an als Géigner vun der Schäinhëllegkeet ? Gëtt et dann do net vläicht e klenge Problem punkto Glaafwierdegkeet ?
Fraefeindlech ? Hei verwiesselt een Anti-Feminismus mat Fraefeindlechkeet. Ech sinn ën engagéierten Anti-Feminist, mä ech si frou mat Fraen (natierlech nëmmen soulaang si net Feministinnen sinn…). Feminismus ass iwwregens a mengen An eng fraefeindlech Ideologie an ënner anerem dowéinst sinn ech en Anti-Feminist. Mä fir sou Ennerscheeder kënnen ze verstoen brauch een wuel e Minimum un Differenzéierungsverméigen.
Egoman? Do kennen ech eng Rei vu Schrëftsteller a Journalisten déi an där Hinsicht bedeitend méi geplot sinn wéi ech.
En anert Beispill ass den RTL-Presseclub vum 20. Januar. Do hunn e puer Journalisten iwwer d’ADR geschwat. Eierlech gesot, sou en onqualifizéierten Diskurs wéi den, den do de Nolauschterer zervéiert gouf, hunn ech sielen héieren. U sech wëssen déi Journalisten déi do dobäi waren entweder nët vill iwwer meng Partei oder si verstinn iwwerhaapt näicht vun denen Entwécklungen vun denen leschten Wochen. A wann si et ieren awer sollte wëssen a verstoen an trotzdem de Contraire soen, da sinn si leider onéierlech. Schlecht informéiert oder onéierlech – dat eent wéi dat aanert si keng Referenzen fir gudde Journalismus. Eng Ausnam wor den Här Karger vum Journal, den e puer intelligent Froen gestallt huet, zum Beispill déi nom „propriétaire“ vun engem politesche Mandat.
Eng Journalistin nennt mech um Radio e « cas d’école » fir „Opportunismus“ den e misst « opschaffen », oder sou ähnlech. Ass dat lo nach eng Kritik oder schonn eng Frechheet ? Ech si mol gespaant op déi interessant Analys vu mengem „Opportunismus“ déi dann do nach soll kommen – eng Charaktereegeschaft vun där ech bis elo net gefaart hat fir se missen bei mir festzestellen. Vläicht hu mir jo am RTL-Presseclub och nëmmen e weidere « cas d’école » fir journalistesch Inkompetenz entdeckt.
Et gëtt zu Lëtzebuerg ganz vill Journalisten déi Respekt verdengen. Si sinn intelligent, denken a fuersche no, analyséieren an d’Déift a weise Courage bei dem wat si publizéieren . Mä dat sinn se leider net all.
Ech erwaarde mir zu Lëtzebuerg mol endlech méi Journalisten, déi net dauernd virun de Regierungsmemberen op de Knéie rutschen an/oder mam Premier op de Mäertchen e Fësch iesse ginn. Ech erwaarde mir eng onofhängeg, couragéiert a qualitativ héigwäerteg Press. Hoffen därf een jo secher nach.