D’CSV, d’ALPE an de Reliounsunterrecht

D’CSV ass jo bekanntlech entsat, datt déi dräi grouss Lénksparteien sech scho virun de Walen ofgeschwat haten, fir d’Obstacle fir eng Dräierkoalitioun aus hire Walprogrammer erauszehuelen. Hätt d’CSV déi „konservativ Säit“ brav gelies, sou wéi et sech gehéiert, dann hätt si geléiert, datt net nëmmen déi dräi Parteiprogrammer vun DP, LSAP a Gréng sech kaum vunëneen ënnerscheeden, mee datt dee vun der CSV sech grad sou mann vun denen aneren dräi ënnerscheed.  Wëll d’CSV huet sech jo genee sou geduckt an ugepasst fir Koalitiounen ze erméiglechen wéi déi aner. Eent vun dene frappanteste Beispiller heifir wor d’Sträichung vum Reliounsunterrecht am Secondaire.   

Eng al Regel seet, datt wen dene Lénken de klenge Fanger gëtt, dem huelen se op d’mannst dee ganzen Aarm. Dowéinst ass et och net oninteressant, d’Reaktioun vun der ALPE, der Association luxembourgeoise des professeurs d’éthique, op de Positiounswiessel vun der CSV ze liesen.  

http://www.alpe.lu/category/news/

Et ass jo sëcher fir keen eng Iwwerraschung, datt d’ALPE lo direkt och nach d’Ofschafung vum Reliounsunterrecht an der Primärschoul fuerdert. Iwwregens huelen ech symbolesch Wetten un, wéini d’CSV och do nach ëmfällt. Oder hëlleft d’Oppositiounsroll hir vläicht fir vum réngen Opportunismusmodus e Stéck wech ze kommen? An e puer Joer wësse mir dat.

De Bréif vun der ALPE fannen ech iwwregens ganz schlecht.

Et gëtt kritiséiert, datt d’Schüler „getrennt“ ginn, well d’ALPE net wëll akzeptéieren datt et grad a Sënnfroen vläicht ganz verschidden Approchen ka ginn déi sou eng Trennung justifiéieren. Ech fannen dat eng Mëssuechtung vum philosopheschen a gesellschaftleche Pluralismus.  Firwat ëmmer an iwwerall déi staatlech „Gleichmacherei“? Grad déi, déi ëmmer vu Multi-Kulti schwärmen, wëllen hei all Ennerscheeder nivelléieren.  

Et stéiert mech och, datt d’ALPE net seet, datt den „allgeméngen Erzéiungsoptrag“ eng selbstverständlech Prerogativ vun den Elteren ass, mee datt si de Staat an d’Eltere an där Hinsicht op ee Niveau setzt: „der sowohl Eltern als auch Lehrern bzw. Erziehungspersonal obliegt„. 

Den Unterrecht an der „praktescher Philosophie“ gëtt héich gelueft. Ech hunn awer ganz grouss Zweifelen un der Qualitéit vun dem Unterrecht an hunn dowéinst nach virun e puer Deeg Kommentaren dozou op dësem Blog publizéiert („Mir léiere praktesch Philosophie“). 

Ech verstinn d’Logik vun der ALPE iwwerhaapt net, wann si seet „Bei der Ausarbeitung des gemeinsamen Werteunterrichts müssen die Bedürfnisse einer pluralistischen Gesellschaft und deren Schüler in den Mittelpunkt gerückt werden“ an dowéinst misst de Programm fir den Unterrecht „ohne Einmischung des Erzbistums oder jeglichen anderen religiösen Institution stattfinden muss“.  Jo, gehéieren d’Reliounen da net zu enger pluralistescher Gesellschaft an befaassen si sech net besonnesch mat dene Froen déi hei relevant sinn? Mat wéi engem Recht wëll ee grad si als Dialogpartner ausschléissen?

A firwat mengt d’ALPE ëmmer nees, datt een am Reliounsunterrecht net kéint eegestänneg denke léieren? Hunn déi Leit déi sou eppes schreiwen jemools en theologescht Buch gelies? Ech recommnadéieren natierlech besonnesch déi vum Här Professer Ratzinger. 

An engem Punkt ginn ech der ALPE awer Recht: d’Qualitéit vum Reliounsunterrecht ass deelweis richteg schlecht. E léiwe portugiiseschen a konservative  Member vun der ADR huet sech lo wéini an enger Reunioun doriwwer opgereegt, datt säi Kand d’Kommunioun gemaach hätt ouni ze wëssen wee Jesus Christus war. De Bistum sollt mol endlech seng Aarbecht maachen, amplaatz Juncker-Hëllegebiller ze drécken!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert