De Bréif vum Här Alain Thorn un de Chamberpresident zum Thema Ombudsman

Dëse Bréif, den vum 10. September 2012 datéiert, ass vu grondleeënder Wichtegkeet wann een sech fir de Fonctionnement vun eisem Rechtsstaat interesséiert.   Op kee Fall hat dee Bréif dat verdéngt wat en Deel vun de Medien doraus gemaach hat. Och d’Aentwert vun der Madame Err op dee Bréif ass him net gerecht ginn.

Den Auteur verdeedegt a séngem Bréif op eng ganz engagéiert a gutt argumentéiert Manéier de „secret professionnel“ an de „secret médical“. Hien mecht virun allem och eng Rei vun grondsätzlechen Iwwerleeungen iwwer d’Institutioun vum Ombudsman – déi eng politesch Komponent huet – an dat besonnesch och am Kontext vun der Onofhängegkeet an dem eegenen Kompetenzberäich vun der Justiz.

Ech hat gefrot fir dat dee Bréif  a séng Thematik an denen  zoustännegen Chamberkommissiounen (Famill a Gesondheet) sollten diskutéiert ginn. Ob dat scho geschitt ass, wees ech leider nët.

Et muss och ënnerstrach ginn, dat dee Bréif näicht vu senger Aktualitéit verluert huet. Den aktuellen Ombudsman – d’Madame Lydie Err – mecht sech an hirem „Rapport d’activité“ 2011 – 2012 dofir staark, dat den Ombudsman nach soll bedeitend méi Kompetenzen kréien. Besonnech déi Fuerderung dat den Ombudsman soll eng „compétence générale“ hunn an dat als „institution extraordinaire“, an dat och nach besonnech am Beräich vun de Mënscherechter, wierft eng ganz Rei vu Froen op. Déi Fuerderungen sollten jiddefalls ganz kritesch an besonnesch och am Liicht vum Här Thorn sengen Observatiounen analyséiert ginn.

Ech soen dem Här Thorn villmools Merci fir séng frëndlech Erlaabnis fir säi Bréif op dësem Blog därfen ze publizéieren.

Hei ass den Text vum Bréif den ech jidderengem wärmstens recommandéieren:

http://fkartheiser.lu/wp-content/uploads/2013/02/BreifThorn.pdf

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu De Bréif vum Här Alain Thorn un de Chamberpresident zum Thema Ombudsman

  1. Pingback: adr Websäit | » Chamber: en Ombudsmann fir Mediatrice ?

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert