Just eng Randnotiz tëschenduerch: an Norddäitschland huet eng Politikerin missen zréck trieden – eppes wat eis hei an der Saach net vill interesséiert.
Hir Begrënnung ass awer net oninteressant: amplaatz hir eege Feler zouzeginn sicht si – der Press no – d’Feler bei aneren a schwätzt och vun „testosterongesteuerte Politik- und Medientypen“. „Typ“ ass an der däitscher Emgangssprooch iwwregens och nach en däitlech pejorative Begrëff fir e Mann.
Ech froe mech just, wat e männleche Politiker ze héiere kriit, wann hien eng Kritik un enger Fra oder u Fraen mat där/denen hiren Hormonen géng a Verbindung bréngen? Géng da net vu Sexismus geschwat ginn? Wat géngen d’Feministinnen vun engem Ausdrock wéi „oestrogengesteuerte Politik- und Medien(…)“ halen?