10%-Steier op d’Spuerbicher: Diskussioun an Eisterräich

Et ass dach ëmmer nees schéin ze gesinn, datt zu Lëtzebuerg déi wichteg international Sujeten ënner den Teppech gekiert ginn. Ausser der ADR huet nach keng Partei op déi skandaléis Propositiounen vum IWF reagéiert.

An anere Länner ass dat anecht. Do gëtt et nach méi Leit, Institutiounen a Parteien mat souwuel enger Meenung wéi och dem Courage déi ze soen. 

http://diepresse.com/home/wirtschaft/economist/1472466/IWFZwangsabgabe_Wahnwitzige-Idee?_vl_backlink=/home/index.do

An der Tëschenzäit schéngt den IWF seng Iddien nees zréck ze zéien oder jiddefalls mol ze relativéieren. Ech jiddefalls kann där Institutioun keen iwwerdriwwe grousst Vertrauen schenken.

http://www.faz.net/aktuell/wirtschaft/rein-theoretisches-gedankenspiel-iwf-distanziert-sich-von-zwangsabgabe-fuer-sparer-12649518.html

D’Fro bleift: wéi wëllen d’Staten géint déi riiseg Scholde virgoen? Wa net duerch méi Steieren, da vläicht duerch eng Inflatioun? Déi eenzeg richteg Aentwert ass duerch gesond Budgeten an en Zréckschrauwen vun den Dépensen. Där neier Lénksregierung hiren éichte groussen Test ass jiddefalls d’Budgetsgesetz fir 2014.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert