Chrëschtkiermes

Lo kënnt also geschwënn nees d’Saison vun der „Christmas Parade“ an dem „Weihnachtsmarkt new look“ inklusiv Riserad. 

http://www.wort.lu/de/view/riesenrad-die-zweite-5278ea47e4b0c9544cdea7ba

Virun bal engem Joer hat ech mech schonn op dëser Plaatz iwwer sou Entwécklungen opgereegt, déi zu eisen Traditiounen an dem Sënn vu Chrëschtdag iwwerhaapt kee Bezuch hunn. (Artikel : Ho, ho, ho! oder wéi mecht een eng Kultur futti?). 

Chrëschtdag ass nach ëmmer e reliéist, chrëschtlecht Fest och wann eis liberal an aner Kierchenhaasser doraus wëllen eng Kiermes maachen. 

Ech hoffe mol, datt eis Geschäftsleit ë bëssche Verantwortung weisen an aus dem Chrëschtkëndchen dësst Joer kee „Santa Claus“ maachen.

Ech hoffen, datt keen op déi Iddi kënnt aus Grënn vun der politescher Korrektheet den Housécker wäiss an de Kleeschen schwaarz unzesträichen.

Ech hoffen, datt eis Geschäftsleit wëssen, datt de Kleeschen de 6. Dezember zréck an den Himmel geet, an datt en dowéinst net nach de 9. Dezember an dat Geschäft X oder Y ka kommen.

Ech wärt mol jiddefalls all dene Geschäfter hei Merci soen, déi eis Traditiounen duerch hir topech Reklamme mat Féiss trëppelen. Si brauche mech jo net ze wielen.

Aktualiséierung (6.11.13):

Et gëtt awer och nach gutt Neiegkeeten!

http://news.rtl.lu/news/national//484112.html

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Chrëschtkiermes

  1. André sagt:

    Alt nes e blöden Artikel, an zwar dee vum Här Sven Wohl am Journal vum 7.11.!
    Wat den Här Wohl schreift ass falsch a schlecht a säin Toun ganz domm. „Lachhaft“ ass net dem Här Kartheiser seng Meenung, mee dem Här Wohl säin Artikel! „Denn Weihnachten ist eine reichlich heidnische Angelegenheit“?? Nee, Här Wohl, Chrëschtdag ass a bleift d’Fest vun der Gebuert vu Jesus Christus, dorun ännert Dir mat Äerem Geschreifs och näischt! „Neuinterpretation unzähliger Sonnenwende-Bräuche Europas“?? Nee, un der Bedeitung vum Chrëschtfest gët et keen Zweifel; et ass just fir den Ursprong vum Datum, wou d’Fréijorsaequinox eng Roll spillt.
    Ob et Ignoranz ass, Gewurschtels oder eng massiv Iwwerestimatioun vu sech selwer: dee Journal-Artikel ass net méi wéi d’Verbreedung vu confusem Hallefwëssen an aarmséilechem Geklapps (sécher aus Manktem u Competenz, wéi et mir däitlech schéint) op e ganz kultivéierte Politiker, dee kloer Iwwerzeegungen huet, déi vill Leit deelen! Kloer Iwwerzeegungen ze hun a se och ze soen ass an deem schappegen allgemenge feigen Eenheetsbräi ronderëm eppes ganz Positives! Mat qualitativem Journalismus, deen op gudde Recherchë baséiert, huet dee Wohl-Artikel op jidfer Fall iwwerhaapt näischt ze doen.
    Iwwregens: am LW vum 7.11. steet d’Resultat vun der Fro vum Dag virdrun, an déi ass grad ëm d’Riserad um Chrëschtmaart gaangen: 42% vun de Leit fannen, déi Attractioun misst NET sin! Nëmme 27% fanne se gudd, 31% intresséiere sech net fir de Chrëschtmaart.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert