Am Gesetz iwwer de Centre pour l’égalité de traitement (CET) si seng Missiounen genee beschriwwen:
http://www.legilux.public.lu/leg/a/archives/2006/0207/a207.pdf
„Art. 9.
Le Centre, qui exerce ses missions en toute indépendance, a pour objet de promouvoir, d’analyser et de surveiller l’égalité de traitement entre toutes les personnes sans discrimination fondée sur la race, l’origine ethnique, le sexe, la religion ou les convictions, l’handicap et l’âge.“
Dat Gesetz – dat ech iwwregens an e puer vu sengen Dispositiounen fir iwwerzunn an heiansdo och fir geféierlech fir eise Rechtsstaat halen – bezitt sech awer korrekterweis op d’Rechter vu Persounen. Mënscherechter sinn u Persounen gebonnen a net u Gruppen. Bei Gruppe muss gepréift ginn wéi et em déi konkret an individuell Rechter vun de Persoune steet, déi sou e Grupp formen.
Den CET huet lo en Avis iwwer d’Reconnaissance vum „culte musulman“ erausginn.
http://cet.lu/wp-content/uploads/2013/11/Reconnaissance-culte-musulman-10.2013.pdf
Dat läit menger Meenung no net a sengem Kompetenzberäich. Den CET ka préifen op eenzel Muslimen diskriminéiert sinn, e kann awer keng allgeméng Fuerderungen fir Gruppen erhiewen oder sech zum Affekot vu politesche Fuerderungen vun Associatioune maachen. Dat betrëfft och d’Konventionnéierung oder net vu reliéise Communautéiten.
Den Artikel 10 beschreift d’Handlungsméiglechkeete vum CET:
„Art. 10.
Dans l’exercice de sa mission, le Centre peut notamment:
– publier des rapports, émettre des avis ainsi que des recommandations et conduire des études sur toutes les questions liées aux discriminations visées à l’article 18;
– produire et fournir toute information et toute documentation utiles dans le cadre de sa mission;
– apporter une aide aux personnes qui s’estiment victimes d’une discrimination visée à l’article 18 en mettant à leur disposition un service de conseil et d’orientation visant à informer les victimes sur leurs droits individuels, la législation, la jurisprudence et les moyens de faire valoir leurs droits.“
woubäi den Artikel 18 sech op d’Aarbechtsrecht bezitt.
Ech gi mol dovun aus, datt de CET mat dësem Avis seng Kompetenzen iwwerschratt huet.