No dem Här Ströbele sengem Ausfluch a Russland, huet d’Affär Snowden alt nees u Potential gewonnen fir déi transatlantesch Relatiounen ze vergëften.
Déi Gréng an all déi aner Lénk gesinn doranner eng Méiglechkeet d’NATO auszehiewelen, Europa an d’USA auserneeen ze dividéieren an Däitschland an d’Roll vun engem europäesche Mëttelstaat mat isolationnistescher Tendenz ze féieren.
Eis russesch Frënn musse préifen wéi wäit si hir Relatioun mat Washington kënne belaaschten. Zum Deel decke sech hir Interessen mat denen vun de west-europäesche Lénksparteien, wéinstens souwäit et ëm eng Divisioun tëschent Amerika a Westeuropa geet. Vläicht wäre si och einfach nëmme frou fir dem Här Snowden lass ze ginn.
http://www.itar-tass.com/en/c39/938434.html
Doniewent gëtt lo een europäesche Staat géint den aneren ausgespillt. All Form vun elektronescher Opklärung, och wann se zënter Joere bekannt ass, gëtt lo mediatiséiert an instrumentaliséiert. Iwwerdeems d’Madame Reding vun engem europäesche Geheimdéngscht fuebelt, wiist d’Mësstrauen tëschent eise Länner all Daag.
Alles dat wéinst engem Här, dee Geheimnisser vu séngem Land verroden huet an dowéinst an den USA wéinst Spionage ugeklot gouf. Dee Schued den duerch dëss Affàr entsteet ass leider immens grouss.
Ech mengen, datt d’Politiker vun der NATO sech an dëser Situatioun sollten zësumme setzen fir d’Vertrauen an den transatlantesche Relatiounen nei opliewen ze loossen. Mir hunn awer leider eng eklatant Féierungsschwächt zu Washington, wou den Här Obama spéitstens zënter der Syrie-Kris an dem „Government shutdown“ weider staark u Kraaft an Afloss verluer huet. A mir hunn an Europa eng Situatioun wou Amerika op eng irrational Manéier verdäiwelt gëtt a wou ouni all Objektivitéit a Mooss iwwer déi Spionagegeschichten geuerteelt gëtt.
Eis Sëcherheet verlaangt souwuel e staarkt a belaaschtbart transatlantesch Verhältnis am Kader vun der NATO wéi och eng systematesch elektronesch Opklärung. Dat sinn d’Prioritéiten. Den Här Snowden zu engem Star oder engem Held ze maachen ass a mengen An eng vollkomme Verkennung vun eise strategeschen Interessien an eng onverantwortlech Banaliséierung vun där Onsëcherheet an déi mir amgaange sinn eran ze rutschen. Solle mir lo all Verréider vu Geheimnisser als Held feieren? Wéivill där Affäre Snowden kréie mir da nach? A wee profitéiert schlussendlech vun dëser Situatioun? Net eis Biergerrechter, net eis Demokratie, mee all déi, déi sech iwwer eis ëmmer méi grouss Schwächt freeë fir eis kënnen ze schueden.
http://www.spiegel.de/spiegel/prominente-fordern-asyl-fuer-edward-snowden-a-931877.html