Wouhinn et féiert wann ee lénks wielt, dat ginn elo d’Leit aus Niedersachse gewuer. Hir Ministech fir Sozialfroen, d’Madame Cornelia Rundt, huet erklärt dat d’Regierung vum Land wéilt de Begrëff „Integratioun“ duerch „dee selbstverständlechen Usproch op Mathunn a Partizipatioun“ ersetzen (den selbstverständlichen Anspruch auf Teilhabe und Partizipation).
Et därf een sech schonn dropp freeën, wat déi lëtzebuergesch Lénkskoalitioun lo alles proposéiert fir eis lëtzebuerger Kultur an Identitéit am Multi-Kulti -Bräi opzeléisen.
Ech muss allerdéngs dobäi soen, datt och d’CSV an dene leschten, gefillten 600 Joer wou si un der Muecht wor, net vill fir eis eege Kultur gemaach huet. Och si ass eng multi-kulti- federaleuropäesch Partei, där un enger lëtzebuergescher Identitéit net vill läit.