D’EU-Kommissioun huet der Wëssenschaft alt nees e groussen Déngscht geleescht. Hir Etude iwwer d’Toiletten ass ee vun hire bis elo fundamentalste Bäiträg fir eng ëmmer méi no Unioun tëschent den europäesche Vëlker, sou wéi d’Traitéën et virgesinn.
D’Lächerlechkeet vun dem aktuellen Europa brauch jiddefalls net nach extra wëssenschaftlech ënnersicht ze ginn, si ass einfach evident. Vun den elektresche Biren, iwwer d’Stëpssuckler bis hin zum „Urinéierverhalen“ vun eis einfache Bierger, d’Kommissioun wees wou d’Prioritéite leien a wéi ee muss déi méi kleng oder och méi grouss Problemer ugoen.
De 25. Mee si jo Europawalen. Wen d’ADR wielt, huet déi eemoleg Geleeënheet fir mat senge sechs Stëmmen, dat do Europa fortzespullen – ganz ekologesch an ouni Waasserverbrauch. Mir brauche nämlech manner Europa a virun allem och en anert Europa.