Den Här John Howard, fréiere Premierminister vun Australien, huet dëss, wéi ech fannen, ganz interessant an intelligent Ried, virgëschter zu London gehalen.
http://en.wikipedia.org/wiki/John_Howard
Den Här Howard seet a klore Wierder dat, wat hei zu Lëtzebuerg (ausser natierlech der ADR) bal kee seet. Mir si jo zu Lëtzebuerg duerch dee gréngen Afloss massiv denk- an initiativgestéiert. A senger Ried ënnersträicht hien ënner anerem d’Wichtegkeet vum Schiefergas, enger Energieform, déi net nëmmen e positiven Afloss op d’CO2-Bilanz huet, souwäit déi iwwerhaapt soll wichteg sinn, mee och nach déi energiepolitesch Onofhängekeet vum Westen ka fir eng Zäit sëcheren.
Fir eis wär et wichteg vun dem Kyoto-Protokoll an ähnlechen Instrumenter sou séier wéi méiglech wech ze kommen fir eng energiepolitesch vernënfteg a finanziell drobar Politik ze entwéckelen. Mir sollten och weider Recherchen am Fracking encouragéieren an der Hoffnung eng méiglechst propper a sëcher Methoud ze kréien fir de Schiefergas kënnen enges Daags ze förderen. A mir sollten als Europäer weider am Beräich vun der Nuklearfusioun fuerschen. An hirem Walprogramm huet sech meng Partei awer géint déi aktuell Technologie vun der Nuklearfissioun ausgeschwat.