….. is in the eating!
Här Siweck,
Häerzlech Felicitatiounen fir Aer nei Plaatz! D’Luxemburger Wort als gréissten Zeitung vum Land als Chefredakter ze leeden ass sonner Zweifel eng grouss Eier an eng grouss Erausfuerderung.
Aer Zeitung wor bis lo – an dat wësst Dir sou gutt wéi ech – haaptsächlech d’Parteibliedchen vun der CSV. Nach an dësem Walkampf stoungen d’Wort a wort.lu exklusiv am Déngscht vun enger Partei déi an hirer Politik net eng, mee gläich eng ganz Rei vu Ponkte vertrëtt, déi dem kathoulesche Glaawen an zentrale Froen diametral géintiwwerstinn. An ech schwätzen hei net vun der Sozialdoktrin, mee vu nach vill méi wichtegen, ethesche Grondsazfroen.
Enner Aerer Leedung muss d’Wort dowéinst eng nei Glaawierdegkeet kréien – wann Dir et da sollt wierklech eescht mengen mat dem wat Dir gesot hutt. Dir hätt eng kritesch Distanz zu jiddferengem? Dir géngt kengem méi no stoen? Wéi gesot, the proof of the pudding…
Et éiert Iech, datt Dir selwer dorop opmierksam maacht, dat Aer Biographie an dem Sënn net onproblematesch ass. Wéi gëtt een vun engem Beroder vum Här Juncker op eemol de Chefredakter vun enger Zeitung déi eng kritesch Distanz géintiwwer jidferengem wëll weisen? Mee hei gehéiert Iech d’Recht ze weisen, datt Dir et eecht méngt. Ech probéieren jiddefalls an dene nächsten 100 Deeg d’Wort mat kengem Wuert ze kritiséieren, sou gehéiert et sech a sou maache mir et och. A wann ech et an engem Abléch vu Schwächt oder Roserei awer sollt maachen, dann erënnert mech w.e.g. un dëse Kommentar.
An dem Sënn, vill Erfolleg an all Gutts!
Mat beschte Gréiss,
Fernand Kartheiser
http://www.wort.lu/de/view/kritisch-und-unabhaengig-aber-nicht-wertelos-527c1d91e4b0a5fc7cc073fc