An der Belsch huet lo e Grupp vu Kannerdokteren an engem oppene Bréif gefuerdert, dat d’Legislatioun iwwer d’Euthanasie soll och op Kanner kënnen applizéiert ginn.
http://www.presseurop.eu/fr/content/news-brief/4298661-euthanasie-pour-enfants-maintenant
Hei ass de Bréif:
Wéi ëmmer gëtt mat dem schwéiere Leed vu kranke Mënschen argumentéiert fir ënner dem Deckmantel vun der Mënschlechkeet an dem Matleed kënne Leit ëmzebréngen. De Respekt virum Liewen gëtt sou Schrëtt fir Schrëtt ofgebaut. Wat kënnt als Nächst?
Och hei am Land hunn jo schonn déi Rout an déi Gréng probéiert fir d’Gesetz iwwer d’Euthanasie nach op méi Leit kënnen auszedehnen (dozou gëtt et Artikelen op dësem Blog). Et gëllt fir sou Tendenzen decidéiert entgéint ze trieden!
All Ausnam beim Schutz vum Liewen féiert ëmmer zu neien dramateschen Entwécklungen. Et gëtt einfach an eiser Gesellschaft Kreesser vu Leit déi d’Liewen vum Mënsch NET wëlle schützen. A si kämpfen un all Front, virun allem natierlech bei der Euthanasie a bei der Ofdreiwung. Sou wéi fréier d’Nazien sinn et haut d’Lénksparteien déi sou eng Politik vertrieden, an dat mat massiver medialer Ennerstëtzung.
Ech soe jiddefalls lo scho Neen zu dene Leit déi déi do belsch Diskussioun wëllen hei op Lëtzebuerg bréngen. Et gëtt Zäit fir e massive Widderstand!
Vläicht kënnt jo enges Daags och déi kathoulesch Kierch hei am Land nees zou sech a vläicht wees iergend wéini och nees eng post-Juncker-CSV wou hir Aufgab läit. D’Kierch an d’CSV hu jiddefalls an der Ofdreiwungsdebatt 2012 total versot!
Am Abléck, gëtt et just d’ADR déi d’Recht op Liewen hei am Land nach politesch vertrëtt. An dat maache mir!