DP – there’s no business like show business!

Lo, wou d’Wahlen sou lues méi no kommen,  därf een sech schonn Gedanken maachen, woufir déi eenzel Parteien stinn. Haut fénke mir mat der Demokratescher Partei un.

Hire Fall ass nämlech den einfachsten : si steet fir näicht, gleewt un näicht, mä dat mecht awer och näicht. Well sou kann si mat egal wem endlech nees an d’Regierung a  gëtt net nach eventuell duerch iergendwellech iwwerflësseg Prinzipien oder lästeg Iwwerzeegungen dorunn gehënnert . D’Stäerkt vun der DP ass hir Austauschbarkeet, si ass  beliebeg an domadder en ideale Partner fir jiddereen den einfach nëmmen ë puer Stëmme sicht fir sech eng Majoritéit ze zammeren.

Déi fréier houfreg liberal Partei huet als éicht mat dene Gréngen fusionnéiert : déi Bléng. Gemeinsam Presskonferenzen sollen ënnermaueren, dat déi zwou Parteien nëmme nach eng sinn. Wien blo wielt, gëtt dene Gréngen seng Stëmm a wien Gréng wielt, wielt déi Blo.  Déi zwou Parteien vereent och wierklech vill : gesellschaftspolitesch fënnt een si allen zwou wäit lénks an e  sozialt Gewëssen  huet keng vun hinnen.

Fréier hunn déi Blo och bei der Fonction Publique hir Stëmmen gesicht. Haut interesséieren si sech nëmme nach fir  e puer Décker am private Secteur. Dat gesellschaftlecht Gewiicht vun der Fonction Publique wëllen déi Blo iwwer d’Auslännerwahlrecht aushiewelen Si behaapten, dat si an economesche Froen  eng Partei vun der Mëtt wären. Dobäi spueren si zwar net u Kritik un de Gewerkschaften an si  fuerderen  d’Flexibiliséierung vum Aarbechtsrecht,  mä et héiert een awer keng Rotschléi vun der DP a Richtung Patronat. Wou soll  do d’Mëtt sinn?   Souwäit e bloe Programm existéiert, besteet en aus Sozialofbau :  si sinn géint den Index a géint den Ajustement vun de Renten.

Mä déi Blo hunn och hir Qualitéiten. Si sinn zum Beispill Meeschter am Produzéieren vu Loftblosen.  An der Schoulpolitik soen si sou grondleeënd wichteg Saachen wéi dat d’Léierpersonal  eng zentral Roll spillt.  Ech hunn nach nie een begéint, den dat net och schonn gemierkt hätt. Si si Meeschter am Ofschreiwen : Kritik um Kyoto-Protokoll ? D’ADR wor vir ! D’Aféieren vu Schouldirekteren ? D’ADR wor alt nes vir ! Dofir sinn déi Blo  awer déi onbestridden Meeschter am Emfalen. Wann d’Moslem wëlle Minaretten bauen, dann léist den DP-Parteipresident de Problem doduerch, dat senger Meenung no och keng Kierchtierm méi däerften hei am Land  gebaut ginn. Wann déi Gréng gär en Tram hätten, da sinn déi Blo op eemol och dofir. Virun e puer Joer hunn si nach Bussen an der Neier Avenue opgestallt fir ze beweisen, dat den Tram net kann fonctionnéieren. Wann et drëm geet fir an der Chamber d’Fräiheet vun der Press  ze verdeedegen, dann ass déi ex-liberal Partei op eemol verschwonnen.  An déi Blo si Meeeschter am Fannen vum falsche Wee, zum Beispill  an der Integratiounspolitik. An der  Schoul wëllen si  d’Apartheid aféieren, doduerch dat  d’Kanner sollen a  sproochlech getrennte Schoulen goen. Wat mir brauchen ass awer de Géigendeel : eng Schoul  déi  duerch e Mateneen an e Beiëneen eng Integratioun méiglech mecht!

D’DP ass haut nëmme nach e Schied vun dem wat si fréier wor. Amplaatz Politik mecht si Show, amplaatz zouverlässeg a vernënfteg Positiounen  auszeschaffen  gëtt virun allem Persounekult bedriwwen. Déi gutt Neiegkeet ass, dat hire Parteipresident net fir e Ministeramt zur Verfügung steet. Déi schlecht ass, dat d’Stad Lëtzebuerg nach bis 2017 a bléngen Hänn ass.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert