Feministesch Walgesetzer: dee nächste Schrëtt an d’Diktatur!

Wat lo bei eise Noperen a Rheinland-Pfalz geschitt, nämlech d’Beaflossung vum fräie Wielerwëllen um Walziedel an am Wallokal, ass e weidere Schrëtt wech vum Respekt virum Wieler an hin zu enger Virbestëmmung vum Walresultat.

http://www.faz.net/aktuell/politik/rheinland-pfalz-frauen-passus-bleibt-im-wahlgesetz-12659035.html

Wéi wäit geet dat do nach? Ech wëll lo hei net a Spekulatioune verfalen, wat ee nach alles ka maachen an op e Walziedel dropp schreiwen (obwuel et mir net un Iddie feelt…). Mee ech soe kloer an däitlech: ech si géint de Prinzip vun der staatlecher Manipulatioun vum Wielerwëllen. D’Walcampagnen maache sech virun enger Wal an net méi um Walziedel. Eng Demokratie berout op enger FRAIER a GEHEIMER Wal an do gëtt et ganz einfach Grenzen  vun dem wat ee kann an däerf  maachen. Déi Grenzen ginn ons net nëmmen duerch d’Legalitéit an d’Legitimitéit gesat, mee och duerch den Anstand.

Meng Positioun ass: Keng Aschränkungen beim Walrecht (z.B. duerch Quoten) a keng staatlech Manipuléierung vum Wielerwëllen!

http://www.bilderhochladen24.de/show_picture.php?pic=2cfb2788e649f336f13a4eea7f194f610.74372100_1384258689_bildschirmfoto_2013-11-12_um_13.12.06.png

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Feministesch Walgesetzer: dee nächste Schrëtt an d’Diktatur!

  1. Claudine sagt:

    Direct no de Walen huet de Lëtzebuerger Fraerot och nes gesouert, et wiren net genuch Frae gewielt gin an hoffentlech kéimen da méi Fraen an d’Regirung, an et misste Mesurë geholl gin, fir d’Fraen ze motivéiere fir sech ze engagéieren, etc.etc.. De Fraerot héiert sech dobei ëmmer un, wéi wann hien de Männer d’Schold géng gin, wann net vill Fraen an der Politik sin.
    De Fraerot soll emol fair an éierlech sin: 51,5% vun de Wieler si FRAEN!!!! Wann de Fraerot da logesch a consequent géng handelen, misst en d’Frae „motivéieren“, fir minimum 50% Fraen ze wielen oder nëmme Fraen, amplaz herno d’Responsabilitéit nes bei de Männer ze sichen.
    Mee ech si géint all Form vu Beaflossung: ech hu Leit gewielt, déi ech fir ganz competent an fir déi Richteg fir en Deputéiertemandat halen. Déi Leit gehéieren zu enger Partei, déi vill Fraen op der Lëscht hat, mee et woren, ewéi bei ALL Partei, méi Männer drop an dat ass ganz egal, well et geet ëm Competenz! Déi eleng soll de Criterium fir d’Wiel sin an net iirgendeng Quoteniwwerleeung, an dat gëlt iwwerall! Et geet drëms, e Mandat oder eng Fonctioun mam néidege Kënnen ze erfëllen. Dat ganzt Geschwätz iwwer Zuelen ass eng falsch Debatt, mee et erënnert mech un d’Wichtegkeet vu Statistiken an der Schoul nom neie System, d.h. op Käschte vun der Qualitéit! Et läit ganz op deeër Linn. D’Quotendebatt huet och eppes vu Männer bekämpfen u sech, an dat ass Kabes.
    Ech loosse mir op kee Fall soen, wien ech ze wielen hun, dat decidéieren ech selwer! DAT ass Fräiheet an Democratie, an dorun huet de Fraerot net ze goen! An ech hun iwwerhaapt keng Loscht, fir an d’Politik ze goen! Jo, Fraerot, respectéiert w.e.g. och, datt et Frae gin, déi sech net engagéiere wëllen!!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert