Här Wilmes,
Aer Kritik an Eieren, déi ass zwar batter néideg awer och lo relativ einfach. Virun de Walen, sou mengen ech mech nach ze erënneren, hutt Dir dem Här Juncker nach en Exemplar vun Aerem Buch geschenkt (mat Foto) an an dem stinn anscheinend och nach ganz vill Juncker-Zitater (gelies hunn ech et net, mee sou stoung et an de Medien…). Sou ass et mat de Frëndschaften an der Politik… Gëtt et lo eng nei Editioun vun Aerem Buch ouni Juncker-Zitater?
Mee virun allem: wat proposéiert Dir da lo fir d’CSV? Op dem leschte Kongress vun der CSJ, si sou formidabel wichteg Saachen diskutéiert ginn wéi eng séier Publikatioun vun de Plans sectoriels an den eenheetleche Waasserpräis. Ass dat Aere Konzept fir d’Zukunft?
Ech si jiddefalls gespaant, op déi inhaltlech Diskussioun an der CSV an dat ass méi wéi eng séier-nei-Gesiichter-weisen-Geleeënheet.
Mat beschte Gréiss,
Fernand Kartheiser