En „Editorial“ den d’Arméi verdeedegt!

Mat grousser Freed hunn ech dëser Deeg den Editorial an der Zäitschrëft  „De Lëtzebuerger Ex-Militär“ gelies (2/2013). De President vun der „Association grand-ducale des anciens militaires luxembourgeois“, den Här Roland Girres, fënnt couragéiert Wierder fir där akueller anti-Arméi an anti-Force Publique Tendenz entgéint ze trieden.  

Bravo an e grousse Merci vun dëser Plaatz un den Här Girres an un all déi Leit déi hiren Déngscht fir eis Heemecht an Uniform leeschten oder geleescht hunn! Si gehéieren zu  den Helden vun dësem Land a bestëmmt net déi, déi sech an engem Geriichtssall opblosen fir mat aarmséilege Vulgaritéiten wëllen d’Institutiounen vun eisem Land ze denigréieren.   

http://fkartheiser.lu/wp-content/uploads/2013/11/Bulletin-2-13-EditorialFinal1.doc

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert