Neies aus onse Schoulen

„Déi konservativ Säit“ ass ëmmer dorëm beméit aktuell Reportagen aus där gréisster Katastrophelandschaft hei am Land ze bréngen: onse Schoulen. D’LSAP an d’CSV-Regirungen hu jo bekanntlech eng Spur vun der Zerstéierung an der Educatioun hannerlooss.

Haut erziele mir vun engem Formular, dat d’Elteren am Raum Ettelbréck kruten. Do gëtt et eng Léierpersoun déi de Kampf géint dat franséischt, transitiv Verb „accueillir“ féiert, nom Larousse „Recevoir qqn. qui arrive, qui se présente; lui réserver un certain accueil. Aller acccueillir un ami à la gare.“ 

Zitat:

L’enfant rentre à 12.00 resp. à 16.00 heures: (…)

les parents ou une autre personne le/la cueillit auprès de l’institutrice devant le bâtiment scolaire“. 

Dat do  huet natierlech de Virdeel, datt aus „accueillir“ méi e gendergerecht Wuertkonstrukt ka gemaach ginn.  Vläicht ass och dee Parallelismus Schüler/Uebst e Resultat vun dem grousse gréngen Afloss bei de Pädagogen. 

Och aus dem Raum Ettelbréck gëtt eis gemellt, datt – wéi eis glaafwierdeg versëchert gëtt, onofhängeg vun der Boxemännerchersaffär um Härebierg – eenzel Léierpersounen de Kanner verbidden eis traditionell Boxemännercher z’iessen. Déi wären net gesond…

Et ass bestëmmt och net gesond fir d’Kanner e puer Gesondheetsfanatiker auszeliwweren.  Fir déi puer Wochen am Joer wou et iwwerhaapt Boxemännercher gëtt, soll een si déi roueg iesse loossen!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert