Der Madame Palin hire berechtegte Krich fir Chrëschtdag

D’Madame Sarah Palin ass jo an Europa als Politikerin net ëmmer an iwwerall ganz héich consideréiert an och mol net ech, e Sympathisant vun den US-Republikaner, géng mech zu hire gréisste politesche Bewonnerer zielen. 

http://en.wikipedia.org/wiki/Sarah_Palin

Mee wou si Recht huet, huet si Recht. Si kritiséiert am Abléck besonnesch d’Entchrëschtleschung vu Chrëschtdag, wéi zum Beispill duerch d’Ersetzen vu „Merry Christmas“ duerch sou eidel Floskelen wéi „Happy holidays“ oder déi permanent legalistesch Attaquen vun den Atheisten géint alles wat chrëschtlesch ass.  

Si huet lo och e Buch iwwer dat Thema publizéiert: „Good Tidings and Great Joy: Protecting the Heart of Christmas„. A selbstverständlech ass déi ganz amerikanesch lénk politesch Szen amgaang ze probéieren fir si dowéinst lächerlech ze maachen. Um Internet fënnt ee kéipweis sou Artikelen a Filmer.

Et gëtt awer och Interviewen wou si hir Meenung wéinstens kann ongestéiert presentéieren (hei z.B. bis 2 min 10 sec, dono kënnt Bannepolitik):
 

Fir mech ass kloer, datt mir och hei an Europa an zu Lëtzebuerg amgaange sinn, Chrëschtdag ze verléieren. Eng iwwergrouss a stupid Kommerzialiséierung vun dem Fest, e Chrëschtmaart den zu enger Kiermes gemaach gëtt, Schoulen déi de Kanner net méi vermëttelen ëm wat et eigentlech geet an och hei alt nees dee viirsätzlechen a sytematesche Krich vun der politescher Lénker géint alles wat chrëschtlesch ass. Dat do Buch vun der Madame Palin kucken ech mir op jidde Fall mol un.

A wann ech de Leit fir d’Enn vum Joer wënschen, da passen ech och drop op fir hinnen ausdrécklech  „E frouen a geseente Chrëschtdag a vill Gléck am neie Joer“ ze wënschen.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert