D’EU-Bannekommissarin Malmström kämpft lo géint Gedankeverbriechen

D’Madame Cecilia Malmström, EU-Bannekommissarin, huet lo zu Vilnius, op enger Konferenz déi vun der europäescher Agence fir Grondrechter (FRA, Fundamental Rights Agency) organiséiert gouf, eng Ried zum Thema „D’Bekämpfung vun Haassverbriechen an der EU“ gehal.

D’Madame Malmström ass eng schwedesch Liberal, déi och scho mol Propositiounen gemaach huet déi schaarf kritiséiert goufen well se zu enger Zensur am Internet gefouert hätten. Hire Spëtznumm ass dowéinst, no Wikipedia, „Censilia“ vum englesche Wuert fir Zensur „Censorship„.

http://de.wikipedia.org/wiki/Cecilia_Malmstr%C3%B6m

Hir Ried zu Vilnius koum, wéi sou dacks bei der EU, gläich mat engem ganze Cortège vu gudden Intentiounen. A wéi ëmmer gëtt mat Statistiken an Emfroë geschafft déi u sech weder eppes weisen nach beweisen, mee kënne sou geschriwwen a gedréint ginn wéi et grad gebraucht gëtt. Dat weist sech ëmmer am beschten wann vun denen héigen „Donkelziffere“ fantaséiert gëtt. Fir sou Behaaptungen gëtt et jo schonn definitiounsgeméiss net mol d’Méiglechkeet vun enger Beweisféierung. Donkelzifferen sinn nun eemol vun hirer Natur hir sou schrecklech däischter, datt guer näicht iwwer si gewosst ass, dowéinst kann een si och roueg mol ganz héich usetzen. Do si mir am Beräich vun der rénger Propaganda. 

Op hirem Blog beschreift d’Madame Malmström d’Konferenz vu Vilnius:

http://blogs.ec.europa.eu/malmstrom/hatecrimes/

a liwwert eis och gläich den Text vun hirer Ried:

http://europa.eu/rapid/press-release_SPEECH-13-909_en.htm

Heizou wëll ech e puer Kommentare maachen: 

1. D’EU schaaft  ëmmer nei „Verbriechen“. Sou Begrëffer wéi „Homophobie“ oder „Transphobie“ also (Angscht virun…) si nei, si reng politesch  a goufe virun allem geschaf fir d’Géigner vun homosexuelle Liewensweisen – aus wéi enge Grënn och ëmmer – kënnen ze diffaméieren. Hei geet et einfach drëm Kritik un där homosexueller Liewensweis (z.B. aus gesondheetleche Grënn) oder un de Fuerderungen vun den homosexuelle Lobbyen (z.B. Adoptioun vu Kanner)  gesetzlech ze verbidden. Wéi wär et da mol mat engem Verbriechen wéi enger „Heterophobie“oder enger „Misandrie“, fir ofzewiesselen?  D’EU-Kommissioun wëll mat sou rechtlechen Innovatiounen just d’Diskussiounsfräiheet aschränken.

2. D’EU-Kommissioun huet sech net an déi politesch Debatten an de Memberstaaten anzemëschen. Ob et an Holland oder a Frankräich oder soss anzwouch Parteie gëtt, déi an den An vun der Madame Malmström „populistesch“ sinn, ass e Sujet fir déi Bierger vun dene betraffene Länner. D’Madame Malmström soll sech em Schwede këmmeren, wann si wëll national Politik maachen.  

3. An hirer Ried schwätzt d’Madame Malmström ëmmer nees vun der Gewalt vu Riets, wou si Recht huet, mee si seet KEE WUERT iwwer déi Gewalt vu Lénks. Och schwätzt d’Madame Malmström iwwer eng sougenannten „Islamophobie“, mee si seet KEE WUERT iwwer déi Gewalt tëschent Moslem (z.B. géint moslemesch Fraen), oder d’Gewalt vu Moslem géint d’Chrëschten oder d’Judden. Si schwätzt iwwer „online hate crimes“ géint d’Fraen, mee si seet KEE WUERT doriwwer dat déi Form vu Cybermobbing och meeschtens vu Frae gemaach gëtt. Dat do ass eng, so mer mol, selektiv Presentatioun vun der Wouerecht. Ech nennen dat onéierlech Propaganda.

4. D’Madame Malmström seet: „The benefits of diversity are clear“ ouni weider Erklärungen. Sou kloer ass dat awer a mengen An  nach laang net. Am Géigendeel, ech hu ganz grouss Zweifel.

5. A si seet „The fact that Europe needs migration to address its demographic challenge is equally clear“. Wéi wär et da mat enger besserer Familljepolitik, méi Kannerfrëndlechkeet  an enger méi restriktiver Legislatioun iwwer d’Ofdreiwungen?

6. An d’EU wëll „Gedankeverbrieche“ bekämpfen: „(…) political leaders have a particular responsibility to combat intolerance, both in words and actions“. Den do Saz kann een op verschidde Manéiere liesen, mee, egal wéi,  Intoleranz u sech ass a mengen An nach laang kee Verbriechen.  Intoleranz géint wen, géint wat? Wou fänkt dat un an wou hällt et op? Liewe mir da net méi an enger fräier Demokratie mat dem Recht op eng fräi Meenungsäusserung?

7. D’Madame Malmström wëll Europol an Eurojust mobiliséieren fir „investigate“ and „prosecute hate crime“, besonnesch bei „cyber-hate“ – wat dat och ëmmer soll sinn.  Also international Polizei fir déi national Bierger ze bespëtzelen an ze verfollegen? Dat do ass méi schlëmm wéi d’NSA well hei gëtt den europäesche Polizeistaat gepriedegt. 

Meng Conclusioun ass: mir mussen d’Kompetenzen vun der EU drastesch beschneiden! De Kampf fir d’Fräiheet an d’Demokratie ass ëmmer méi e Kampf géint déi Europäesch Unioun.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert