Jean Asselborn: keen Extremismus zu Lëtzebuerg!

An enger Ried déi den Här Jean Asselborn de 19. Februar 2012 am  Collège d’Europe zu Bruges iwwer  „Populismes et nationalismes européens: un défi majeur pour nos démocraties“ gehaalen huet, sot hien och  dat hei:

Qu’ils soient ouvertement racistes et fascistes, ou nationalistes et identitaires, qu’ils parasitent des pays riches ou moins nantis, les nationalismes et populismes se radicalisent tous azimuts.

Certains pays semblent en revanche moins perméables à la pénétration de l’extrémisme : cela paraît fort heureusement aussi être le cas de mon pays, le Luxembourg. Et je touche du bois… car, comme dans toute société en proie au doute dans des circonstances économiques plus rudes, des anxiétés et des préjugés plus ou moins latents sont également perceptibles dans certaines franges de notre population.“

Mir kënnen jiddefalls mol notéieren, dat den Här Asselborn also keng Beispiller fir Populismus oder Nationalismus hei zu Lëtzebuerg ze nennnen wees an dat hien mengt mir wären hei am Land fir Extremismus manner empfänglech wéi anerer.

Leider kann ech dem Här Asselborn awer net Recht ginn. Och bei eis am Land gëtt et op d’mannst eng extremistesch Partei, an zwar „déi Lénk“, déi mat den europäesche Kommunisten federéiert sinn, an et gëtt eng Rei vu populistesche Parteien wéi zum Beispill d’LSAP. Wéi aanecht kann een dann zum Beispill eng Schoulpolitik bezeechnen, déi all Kand en Diplom an d’Hand gëtt, den awer um Aarbechtsmaart näicht méi wäert ass? Wéi aanecht kann een eng Pensiounsreform bezeechnen, déi absolut keng Wierkung huet bis no denen nächste Wahlen?

An et gëtt extremistesch Tendenzen bei enger ganzer Rei vu Parteien: d’Ofdreiwung an d‘ Euthanasie si Beispiller vun enger extremistescher Politik déi kee Respekt méi virum mënschleche Liewen weist. Hei si besonnesch ze zitéieren: déi Lénk, d’KPL, déi Gréng, d’DP, d’LSAP, d’Piraten an, wat d’Ofdreiwung ugeet, och d’CSV.

Leider ass et also net sou, dat et zu Lëtzebuerg keng Extremismen géng ginn. Et muss een  just de Courage hunn fir se ze nennen.

 

 

 

 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert