Drot Aert Kräiz!

An Norwegen krut dëser Deeg eng Noorichtespriecherin verbueden op der Televisioun e Kräiz unzedoen, well e puer Moslem ugeruff hunn fir ze behaapten, datt dat Kräiz geng den Islam beleedegen. Ausserdem wär domat d’Neutralitéit vum Sender a Fro gestallt.

De Sender huet natierlech direkt kapituléiert an och déi betraffen Damm, d’Madame Siv Kristin Saelmann, huet gesot si géng dann op dat Kräiz verzichten.

http://www.upi.com/Top_News/World-News/2013/11/04/Norwegian-newscaster-banned-from-wearing-cross-on-air/UPI-35371383574837/

http://www.katholisches.info/2013/11/12/verbot-fuer-halskette-einer-nachrichtensprecherin-kreuz-beleidigt-den-islam/

Sou kann een bei dem geréngste Protest ëmfalen amplaatz déi eege Kultur a Relioun  héich ze halen! E Kräiz droen ass e Stéck Reliouns- a Meenungsfräiheet. Et sollt een e Kräiz net un éichter Plaaz als Bijou gesinn, ëmmerhin ass et e schrecklecht Folterinstrument, mee als e Bekenntnis zum Chrëschtentum.  Een den e Kräiz doriwwer raus esthetesch schéin a wäertvoll gestallt, wëll a mengen An doduerch de Wäert an d’Gréisst vun där Relioun mat mënschleche Mëttelen ënnersträichen.

Ech sinn net domat d’accord, datt am Numm vun engem laizistesche, sougenannte „wäertneutrale“ Staat d’Symboler vum Chrëschtentum aus dem ëffentleche Raum solle verdriwwe ginn.  A scho guer net verdroen ech wa Moslem hei an Europa eis Chrëschte wëlle verbidden eise Glaawen ze weisen. Just fir et net ze vergiessen: a ganz villen majoritär moslemesche Länner ginn d’Chrëschten  massiv verfollegt, ënnerdréckt a bekämpft.   

Grondsätzlech gëllt fir mech: Europa ass en duerch an duerch jüdesch-chrëschtlech geprägte Kontinent. Aner Reliounen kënnen hei am Kader vun der Reliounsfräiheet selbstverständlech praktizéiert ginn, sou wäit si d’Mënscherechter respektéieren. All Mensch huet och genee sou dat selbstverständlecht Recht Atheist oder Agnostiker ze sinn. Mee déi Intoleranz vu Verschiddenen géintiwwer dem Chrëschtentum, engem zentralen Bestanddeel vun eiser westlecher Geschicht, Philosophie, Kultur an Identitéit ass fir mech a kenger Form akzeptabel.   

Déi Leit déi sech hei an Europa duerch e Kräiz beleedegt fillen weisen a mengen An eng extrem Intoleranz. An déi vun hinnen, déi net d’Nationalitéit vun dem Land hunn an dem si wunnen bieden ech héiflech an dee nächste Fliger ze klammen an dohin ze fueren wou si dee Problem net hunn. Si fillen sech do bestëmmt besser an däitlech manner beleedegt.

Dene Chrëschten déi dat wëllen, dene soen ech: drot roueg Aert Kräiz a losst Iech nimools dovun ofhalen! Wen vun iergend enger offizieller Plaatz, enger Administratioun, enger Schouldirektioun oder vun egal wéi enger ëffentlecher Instanz  eng kritesch oder domm Bemierkung wéinst engem Kräiz gemaach kritt, soll mir w.e.g. direkt Bescheed soen!

Ech si souwisou där Meenung, datt eis Gesetzer iwwer d’Weise vun de reliéise Symboler an Europa nees mussen iwwerschafft ginn. Mir si vill ze vill wäit an eng Richtung gaang, an där mir eis eege Kultur verleegent hunn. Toleranz vun aneren därf net méi mat Selwerverleegnung, Egalitarismus oder Nihilismus verwiesselt ginn.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Kommentare zu Drot Aert Kräiz!

  1. Sveinn sagt:

    Vu datt d’Kräiz e Folterinstrument ass, leit et dach iergendwou no, datt dat net onbedéngt stänneg muss ëffentlech present sinn. Mol ganz dovun ofgesinn datt am Numm vum Kräiz als reliéisem Symbol Millioune Mënschen hiert Liewe gelooss hunn an eng Gesellschaft sou lues sollt säkular – an eben net „jiddesch-chrëschtlech“ – sinn. Dat heescht am Kloertext: all eis positiv Wäerter, d’Mënscherechter z.B., hu misse géint de massive Widderstand vum kathoulesche Klerus erkämpft ginn – a lo duerfe mer net ufänken, eben dëse Klerus elo hei och nach zum „Gesellschaftsmaacher“ z’ernennen.

    • fkartheiser sagt:

      Gudde Moien!

      ech hunn Aere Kommentar stellvertriedend fir déi anti-kathoulesch Reaktiounen publizéiert. Et ass einfach sou, datt nëmme nach erschreckend wéineg iwwer d’Geschicht vum Chrëschtentum gewosst ass. Ganz vill Leit hunn haut leider eng eesäiteg negativ Astellung géintiwwer der Relioun an der Kierch. All dat Gutt an déi onheemlech befreiend a revolutionär Kraaft déi vum Chrëschtentum ausgeet gëtt haut einfach ignoréiert oder verkannt. Dat ass ganz schued! Dat ass natierlech och e Resultat vun dem schlechte Reliounsunterrecht an dem allgemengen Onverméien vun der Kierch nach fir hir Iddien anzestoen.
      Natierlech ass vill Schreckleches a Falsches an der Geschicht vun der Kierch geschitt. Dat ass eng Tatsaach an där Situatioun muss een sech och stellen. Mee fir dowéinst all dat Positivt ze ignoréieren wär falsch.

      Dir encouragéiert mech fir méi iwwer Philosophie a Reliounsgeschicht ze publizéieren, mee d’Politik hëllt mir souvill Zäit, dat ech wahrscheinlech net dacks dozou kommen. Mee ech wëll mir Méi ginn fir och mol sou Saachen unzeschwätzen.

      Mat beschte Gréiss,

      Fernand Kartheiser

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert