De schwaarzen Houseker mol aus enger anerer Perspektiv

Den 21. Oktober hat ech en Artikel op dësem Blog publizéiert, dee sech mat där UN-Enquête iwwer e vermeintlech „rassistesche“ Charakter vum Houseker beschäftegt huet. Wéi den Zoufall et wëll, hunn ech lo eppes Neits zu dem Thema ze soen.

E ganz léiwe Frënd hat mir virun e puer Deg erzielt, datt hien a senger Eegeschaft als Hobby-Schauspiller souwuel schonn de Kleeschen wéi och den Housecker gespillt huet. Sou gouf ech och gewuer, datt den Houseker d’Kanner haut nët méi soll erféieren oder iergend eppes Béises soen… ob dat soll gutt sinn wees ech awer net. Ech mengen, datt et och ka ganz wichteg fir d’Kanner sinn wann si net ëmmer nëmmen einfach sou gelueft ginn a Beloununge kréien. Dat erënnert mech zëvill un dee kompetenzorientéierten Unterrecht an d’Ofschafen vum Punktesystem.

Wéi och ëmmer, mäi  Frënd huet mir erzielt, datt hien enges Daags als Houseker niewent dem Kleesche soutz an e klengt schwaarz Meedechen bei hie koum an hien net méi aus den Aa gelooss huet. Fir dat Meedchen wor den Houseker eng Identifikatiounsfigur, also eigentlech eppes ganz Positives. Mäi Frënd sot dozou sënngeméiss, datt hien sech wonnert dat grad déi, déi sech ëmmer fir Multi-Kulti asetzen lo eppes Rassistesches wéilten bei engem schwaarze Mann gesinn. Jiddefalls wär hien als Houseker den Held vun dem klenge, schwaarze Meedchen gewiescht.

Ech fannen dat ass eng schéi Geschicht, eng fir nozedenken.

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert