Net all Stuerm ass en Zeechen fir eng global Opwiermung

Dee fuerchtbaren  Taifun Hayian op de Philippinen den dausenden vun Doudegen hannerloos huet, wor e fuerchtbaren, mënschlechen Drama. Op der Weltklimakonferenz huet de philippineschen Delegatiounschef doroppshin eng ganz emotional Ried gehal, déi ee ka mënschlech méi wéi novollzéien – awer nun eemol net wëssenschaftlech.

Hautesdaags gëtt all Stuerm, all Iwwerschwemmung vun de Klimalobbyisten als Argument gebraucht – meeschtens zu Onrecht. Zënter lo bal 17 Joer gëtt et keng miessbar global Opwiermung méi. Déi Computermodeller déi an der Vergaangenheet déi katastrophal Klimaprevisiounen gemaach hunn, ginn ëmmer méi ad absurdum geféiert.   

http://www.dailymail.co.uk/news/article-2508573/How-BBC-turned-catastrophic-crisis-drama-global-warming.html

Mir Mënschen droën e grousen Deel Verantwortung fir dëse Planéit. Mir kënne vill Guddes maachen awer och ganz vill Schlechtes. Dee Sproch, dat mir dëse Planéit nëmme vun eise Kanner geléint hunn, ass ethesch  interessant a wäertvoll.

Mee ech wiere mech géint déi Instrumentaliséierung vun enger falscher an zum Deel bewosst gefälschter Klima- „Wëssenschaft“ duerch politesch Parteien a Lobbyen déi e gesellschaftlechen Embau wëlle mat falschen Argumenter erzwéngen.  Dat wat si wëllen, geet nach wäit iwwer eng Desindustrialiséierung vun de westleche Länner eraus.  

Ekologesch Verantwortung huet virun allem och eppes mat Objektivitéit a Wouerecht ze dinn. Den IPCC (International Panel on Climate Change) huet sech scho laang discreditéiert. Dat mir d’Atmosphär musse schützen ass kloer, dat hunn ech hei schonn e puer mol gesot. Dat mir awer sollen eis Politik op e Konstrukt vun Desinformatioun a  medialer Propaganda opbauen kënnt fir mech net a Fro.

Déi nei Regierung huet dofir ze suergen, dat mir eng kompetitiv Industrie hei zu Lëtzebuerg kënne behalen a – wa méiglech – weider ausbauen. Dat heescht, dat eis Betriber och bei den Energiepräiser a beim Emweltschutz net däerfen méi Oploen kréien wéi hir Konkurrenz an anere Länner.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert