„Autorité parentale“ oder „responsabilité parentale“?

Zënter e puer Joer besteet eng Tendenz fir den Ausdrock „autorité parentale“ duerch déi nei Terminologie „responsabilité parentale“ ze ersetzen. Am Ufank hat ech dat, a menger Naïvitéit,  fir eng Iwwersetzungsfro am internationale Privatrecht gehal. Mee wéi ëmmer kann een net mësstrauesch a virsiichteg genuch sinn.

Mee instinktiv wousst ech awer, datt do eppes muss falsch sinn. Och schonn konzeptuell, wëll wéi kann een fir een oder eppes „verantwortlech“ sinn, iwwer den oder dat ee keng Autoritéit huet? E „non-sens“, also „nonsense“, as our British friends would say. 

Haut denken ech, dat et mol un éichter Plaatz dorëm geet fir d’Autoritéit vun den Elteren erof ze setzen. D'“autorité parentale“ gëtt jo well schonn per Gesetz ëmmer méi limitéiert, wéi nach 2012 beim CSV-pro-Ofdreiwungsgesetz. An dene lénke Kreeser ginn d’Kannerrechter haut un éichter Plaatz als autonom Rechter vun de Kanner a Jugendlecher géint hir Eltere verstaan, wat kéngesfalls menger Lecture vun dem Begrëff entsprëcht.

Richteg wär et fir de Legislateur déi elterlech Autoritéit ze betounen an ze ënnerstëtzen an net si ze demontéieren. Alléng e Geriicht soll kënnen, wa besonnesch schwéier Grënn virleien déi och objektiv bewise sinn, déi elterlech Autoritéit kënnen temporär moduléieren.

Den Démontage vun der elterlecher Autoritéit huet vläicht och eppes mat dem allgemengen Autoritéitsverloscht an der Gesellschaft ze dinn. An dat hänkt alt nees domat zësummen, datt d’Mënschen de Fräiheetsbegrëff haut op „Wielméiglechkeeten“ reduzéieren. Alles wat dem Typ Fräiheet am Wee steet, gëtt als eng net legitim Aschränkung vun der Persoun gesinn. Dat Fräiheet wäit méi a vill méi komplex ass, dat verschwënnt haut aus der ëffentlecher Diskussioun.   

Och etymologesch ass d’Autoritéit net méi zäitgeméiss. Den „auctor“ (den dee schaaft) huet eng legitim „auctoritas“ iwwer dat wat e geschaf huet. An Zäiten vum Homo-Kult ass dat awer net wëllkomm. Hautesdaags soll jo den traditionelle Familljebegrëff zerstéiert ginn. A vu dat Homosexueller net – zësummen – duerch e Sexualakt kënne Liewe schaafen, muss och dee Begrëff den nach de Lien tëschent der biologescher Eltereschaft an dem Recht iwwer e Kand verschwannen. Ganz logesch a ganz modern – mee just de Géigendeel vun dem wat ech wëll.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert