De Fall vun der Madame Eva Herman

Déi lëtzebuergesch NRO (Nët-Regierungs-Organisatioun)  „Famill 2000“, déi et lo leider net méi gëtt,  hat eemol e Viirtrag mat der Madame Eva Herman hei zu Lëtzebuerg organiséiert. Ech wor dee lauschteren an hat e ganz gutt an iwwerzeegend fonnt. D’Madame Herman bleift fir mech eng Damm mat extrem vill Courage, déi ze spiere krut wat et heescht an enger onfräier Meenungsdiktatur ze liewen. Fir mech bleift dee Fall Herman als e Monument vu Béiswëllegkeet an orchestréierter Intoleranz a mengem Gediechtnis.  

De Fall Herman hat ugefaang mat engem Interview bei enger Buchvirstellung an dem si  – wéi all Mënsch et gesäit an zougëtt – een eengermosse vermurkste Saz iwwer déi 68er, dat „Drëtt Räich“ an d’Familljewäerter gesot hat, den hir herno reprochéiert gouf. 

http://de.wikipedia.org/wiki/Eva_Herman

Wir müssen den Familien Entlastung und nicht Belastung zumuten und müssen auch ’ne Gerechtigkeit schaffen zwischen kinderlosen und kinderreichen Familien. Und wir müssen vor allem das Bild der Mutter in Deutschland auch wieder wertschätzen lernen, das leider ja mit dem Nationalsozialismus und der darauf folgenden 68er-Bewegung abgeschafft wurde. Mit den 68ern wurde damals praktisch alles das – alles, was wir an Werten hatten – …; es war ’ne grausame Zeit, das war ein völlig durchgeknallter, hochgefährlicher Politiker, der das deutsche Volk ins Verderben geführt hat, das wissen wir alle. Aber es ist damals eben auch das, was gut war, und das sind Werte, das sind Kinder, das sind Mütter, das sind Familien, das ist Zusammenhalt – das wurde abgeschafft. Es durfte nichts mehr stehen bleiben…“

Dat ass wierklech kee ganz perfekt opgebaute Saz – fir et mol viirsiichteg ze soen – mee och nodem ech en fir déi zéngte Kéier gelies hunn, sinn ech net der Meenung dat dat do sollt eng Verherrlechung vum Nazi-Regime oder vun der NS-Fammilljepolitik gewierscht sinn. An dat nach manner wann ech dee ganze Kontext vun der Presskonferenz,  den Inhalt vum Buch „Das Prinzip Arche Noah“, hir Kloerstellungen a subsequent Prozesser  an d’Biographie vun der Madame Herman als sekundar Interpretatiounshëllefen mat consideréieren.

Op  hirer Spaweckssäit  http://www.eva-herman.de/  gëtt d’Madame Herman weider Detailler zu hirer Ausso: http://www.eva-herman.de/microsite/mediendarstellung/medien_darstellung_1.html

Mäin Uerteel ass, datt hei ënner falschem Virwand eng Presscampagne géint eng Damm orchestréiert gouf, déi konservativ Wärter vertrëtt an dowéinst ville Leit net passt.

Hire Fall ass  net nëmmen fir si perséinlech dramatesch  mee fir eis all extrem interessant a wichteg fir ze gesinn wéi onfräi an intolerant eis Gesellschaft a Wierklechkeet ginn ass. D’Fräiheet vun der Ried ass méi wéi a Gefor. Mir si keng pluralistesch Gesellschaft méi, well alleng nach den dominanten, konformistesch-lénke Mainstream de politeschen Diskurs wéi och d’Medielandschaft dominéiert. 

Dowéinst recommandéieren ech och hir Buch: „Die Wahrheit und ihr Preis, Meinung Macht und Medien„, Kopp, ISBN 978-3-942016-28-5, 270 Säiten, an dem si dee ganze Fall kommentéiert. Mir mussen de Fall Eva Herman als eng Warnung géint d’Ofschafe vun den demokratesche Fräiheete gesinn a verstoen.

Op youtube fënnt een dann och déi däitsch Televisounsemissioun vum Här Kerner déi doduerch bekannt gouf, dat d’Madame Herman schliisslech gebiede gouf d’Emissioun ze verloossen. D’Madame Herman wor extrem beherrscht a couragéiert, iwwerdeems vill vun den Interventiounen a Verhaalensweisen vun eenzelnen aneren Invitéën wäit ënner dem Minimalniveau bliwwe sinn den ee kéint mat engem erkennbaren Ufank vu mënschlecher  Intelligenz assoziéieren.  Ech mengen dat een sech dat roueg sollt ukucken an sech da Froen iwwer d’Meenungsfräiheet an eiser Gesellschaft stellen, ob an Däitschland oder hei am Land.

 

 .

2. Deel:

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu De Fall vun der Madame Eva Herman

  1. CK sagt:

    Sin selwer keen Konservativen an secher net mat allem d’accord waat d’Eva Hermann vu sech gett, mee déi NS-Virwerf géint déi gutt Fra waren wirklech komplett onfair.

    Waat mech deemols un daer Sendung beim Kerner enorm opgereegt huet, war grad och d’Verhaalen vun der Schreinemakers. Grad déi Fra, wou emol viru Joren den Holocaustleugner David Irving bei sech an d’Sendung agelueden haat(!), spillt ee beemol hei den groussen „Moralapostel“. Erbärmlech! 🙁

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert