„De Patriotismus huet näicht méi hei zu Lëtzebuerg verluer“

Lo gëtt et spannend! Vu wem ass wuel dëse Sproch? Vum Gauleiter Simon? Vum Damian Kratzenberg? Hätt jo kënne sinn, mee neen!

En ass vun dene Jonke Gréngen! Déi lénksradikal Jugendorganisatioun huet och scho mol um Radio sou schéi Saachen erzielt wéi dat d’Monarchie en „Anachronismus “ wär an dat mir zu Lëtzebuerg op Nationalfeierdag net „Leit ënner Waffen solle marchéiere“ loossen.  

Gär hëllefen ech dene Jonke Gréngen hire wichtege Message ënner d’Leit ze bréngen. D’Wieler solle jo schliisslech wëssen wéi eng Iddien déi Gréng verbreeden, wa si net grad Dommheeten iwwer de globale Klima erzielen.

Wéi  interessant, datt eng anti-patriotesch an anti-monarchistesch Partei lo an der Regierung ass! Op wat däerfe mir eis wuel alles freeën? 

Dëse Service vun där „konservativer Säit“ ass selbstverständlech gratis!   

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

3 Kommentare zu „De Patriotismus huet näicht méi hei zu Lëtzebuerg verluer“

  1. Sveinn sagt:

    Déi Gréng hunn allerdéngs ni d’Ofschafung vun der Monarchie gefuerdert an hir Vertrieder fanne sech mëttlerweil souguer deelweis brav um Te Deum an. Et sinn hei just déi Jonk déi nach eng därmoossen éierbar Astellung vertrieden.
    Déi eenzeg Partei, déi wierklech d’Republik am Programm stoen huet an an der Chamber vertrueden ass, ass déi Lénk. Ech sinn awer och der Meenung, datt ee mam Republikanismus an der Citoyenneté wäitaus besser fiert wéi mat Monarchie a blannem Patriotismus deen a militaristescher Zurschaustellung kulminéiert.

    • fkartheiser sagt:

      Gudden Owend, Här Graas,

      richteg ass jiddefalls, datt Déi Gréng an DESEM Walprogramm net d’Ofschaafung vun der Monarchie gefrot hunn. Wéi dat fréier war misst een nokucken, mee et géng mech wonneren, wa si dat „ni“ gefroot hätten. Un e grénge Vertrieder am Te Deum kann ech mech allerdéngs net erënneren. Do wore gewéinlech ADR, CSV an e puer vereenzelt Sozialisten. Wësst Dir do vläicht méi?

      An der Institutiounskommissioun vun der Chamber hunn awer déi bedeelegt Parteien mat Ennerstëtzung vun dene Gréngen am Text vun där eventueller neier Verfaassung dat Wuert „Grand-Duc“ dacks duerch „Chef de l’Etat“ ersat.

      Dë Sënn vun der Parad ass et datt d’Arméi an d’Police net nemmen eng „Zurschaustellung“ maachen, mee eben och emmer nees verspriechen der Constitutioun, de Gesetzer an de Militaerreglementer ze follegen. De Kommandant vum Haerebierg betount dat fir gewéinlech a senger Ried virun dem dräifache Vive. Ech fannen dat e schéinen Zeremoniell besonnesch och an enger Demokratie. Doniewent ass eng Parad eng Unerkennung an e Merci vun den zivilen Autoritéiten an der Natioun fir déi waertvoll Aarbecht déi d’Sëcherheets- an d’Hëllefsdéngschter (souwuel déi militaeresch wéi och déi zivil) joeran, joeraus fir eis all leeschten. Ech soen: eng méi wéi verdéngten Unerkennung!

      Mat beschte Gréiss,

      Fernand Kartheiser

  2. André sagt:

    Dat ass kloer, déi gréng liewen nämlech nom Prinzip „D’Dommheet kennt keng Grenzen“!!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert