D’Chrëschtentum nach eng Generatioun virum Ausstierwen?

Dë fréieren Aerzbëschof vu Canterbury, Lord Carey, huet sech déi Fro gestallt, wuel op Groussbritannien bezunn, mee et kann een sech déi roueg och fir onst Land stellen.

http://www.telegraph.co.uk/news/religion/10458380/Christianity-at-risk-of-dying-out-in-a-generation-warns-Lord-Carey.html

Interessant ass et, dat sou Aengscht vun engem Bëschof kommen, dem seng anglikanesch Kierch  zënter Joeren näicht  anecht  méi mecht wéi dem Zäitgeescht hannendru lafen. Dat soll de Katholiken eng Warnung sinn!

D’Kierch muss léieren hire Glaawen nees ze verkënnegen, amplaatz iwwer Fraenordinatioun an den Ausverkaf vun de Sakramenter ze diskutéieren.

Den Islam missionéiert massiv, och hei bei eis am Land. Wou sinn d’Katholiken?

Sinn eis Geeschteg an eis Politiker sech bewosst zu wéi engem Genre vu Gesellschaft mir riskéieren ze ginn, wa mir d’Chrëschtentum als geeschteg a moralesch Referenz verléieren?

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Kommentare zu D’Chrëschtentum nach eng Generatioun virum Ausstierwen?

  1. Sveinn sagt:

    Nujee, ganz richteg ass dat awer net. Och wann een ab und an mol e missionéierende Muslim erlieft (perséinlech begéinen ech méi oft den Zeugen Jehovas), sou ass hiren Erfolleg an Europa dach éischter méisseg a guer net vergläichbar mat der Zwangsmissionéierung déi zur Christianiséierung vum europäesche Kontinent bäigedroen huet. Um Virmarsch ass glécklecherweis éischter d’Absence vun organiséierter Relioun. Ech soe bewosst net Atheismus, well och munche Konfessiounslose vläit e private Glawen un eng iwwernatierlech Entitéit huet – mä vun deem Zeréckgoe vun organiséierter Relioun kënne mer menger Meenung no just profitéieren.

  2. Claudine sagt:

    Dat do ass e Commentar, dee just confirméiert, wat den Här Kartheiser a sengen Artikele schreift! Vill Leit hun iwwerhaapt keng Ahnung, hinne geet et gudd, also gin et och keng Problemer! Et gët net méi wäit gekuckt a geduecht (wann iwwerhaapt…) wéi seng eegen Nuesespëtzt. Dat ass eng zolitt Form vun Egoismus! An dat permanent aarmséilegt Geklapps géint d’Chrëschtentum mécht ee midd! Et gët alles eesäiteg duergestallt, wéi et grad passt, d’Chrëschtentum besteet dann nëmmen aus Zwangsmissionéierung, etc.. An esou an der Vergaangenheet peche grad déi Leit, déi an engem Stéck betounen, wéi modern a progressiv si dach wiren!
    Dat Geklapps op d’Chrëschtentum ass och nach hypocritesch, well déi Leit z.B. ni op den Islam klappen a well se ower déi chrëschtlech Feierdeeg a Vacanze genéissen amplaz hir Ofschafung ze verlaangen!!! An dat Geklapps op d’Chrëschtentum ass topech, well et weist, datt guer kee Respect fir d’Kultur do ass, wat normalerweis duerch e grousse Manktem u kultureller Bildung ze explizéieren ass! Doduerch ass eng sachlech, objectiv Discussioun och net méiglech.
    Sech eng eege Meenung maache verlaangt, sech objectiv ze informéieren an nozedenken, amplaz einfach nobraddelen! An deenen aner hir fondéiert Meenung ze respectéieren a se a Rou ze loossen!! Leit, déi hir eege Kultur an Traditioune futtimaachen an aner Kulturen an Traditiounen ëmmer besser fannen, a sech och nach dack fir déi asetzen, bezeechne sech gäer als tolerant an oppen. Wéi paradox datt hiirt Verhalen ass, schéine se net ze mierken. Wat ass dat fir eng pervers Astellung, fir saïn eegent erofzemaachen an zréckzestelle fir Friemes?? Weder dat eent nach dat anert huet erofgemaach an ofgeschaaft ze gin! Et geet ëm géiesäitege Respect a Mateneen!
    Och hei passt perfect de Verglach vun enger aner Persoun an hirem Commentar op dësem Blog: wann ee Besuch bei sech doheem emfänkt, da mécht ee jo net säin Doheem a sech, seng Originnen, bei dem Besuch erof a betount, wéi vill besser datt dach dem Besuch säin Doheem, seng Kultur, etc. ass. An et schaaft ee säin Doheem a seng Gewunnechten doheem net of, fir se duerch friemer ze ersetzen!! Géiesäitege Respect a Mateneen, ass dat esou schwéier ze verstoen???
    Ech ka mech just anere Leit hei uschléissen, déi ëmmer nes betounen, datt Problemer net geléist gin duerch schéin- oder fortschwätzen, oder duerch verdréinen!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert