En Abiergerungstest fir Lëtzebuerg!

An Däitschland musse Persounen, déi déi däitsch Nationalitéit wëllen en Abiergerungstest maachen an dem si hiert Wëssen iwwer Däitschland musse beweisen. Do geet et em Staatsrechtleches mee och ëm Kultur.

Ech froe mech, ob mir net och hei am Land sollten sou en Test aféieren? Niewent enger Residenzdauer vu 7 Joer, engem Sproochentest op héigem Niveau an engem komplett eidelen Casier wär dat fir mech déi véiert Conditioun fir kënnen d’Nationalitéit ze kréien. Déi Civiquescoursen missten een op en Examen iwwer de Fonctionnement vum Staat an déi lëtzebuergesch Kultur viirbereeden.  Domat geng dann och dee Cours valoriséiert a säi Resultat kéint objektiv gepréift ginn.

http://www.sueddeutsche.de/thema/Einb%C3%BCrgerungstest

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

3 Kommentare zu En Abiergerungstest fir Lëtzebuerg!

  1. Claude Biver sagt:

    An d’Lëtzebuerger direkt mat, déi wëssen nämlech och net iwwert Lëtzebuerg Bescheed.

    • fkartheiser sagt:

      Gudden Owend, Här Biver!

      Aeren Awand ass e gutt Argument fir déi Schoulpolitik déi d’ADR proposéiert. Et ass do – virun allem mee net nëmmen an der Instruction civique – wou déi do Saache solle geléiert ginn. Et fänkt awer domat un, datt d’Kanner an der Primärschoul nees d’Heemecht sangen.

      Mat beschte Gréiss,

      Fernand Kartheiser

  2. Claudine sagt:

    Och den Här Biver huet den Drang, fir Lëtzebuerg a seng Bierger, also sech selwer mat, erofzemaachen, esoubal wéi dat Wuert „Auslänner“ iirgendwou fällt. An et gët alles an een Dëppe gehäit, d’Lëtzebuerger si jo all d’nemlecht an d’Auslänner och.
    Ech weess op jidfer Fall vill Bescheed iwwer Lëtzebuerg an ouni Zweifel e Koup méi ewéi Dir, an dat soen ech, well ech scho verschiddenes vun Iech gelies hun…!
    Mee wann Der Iech onbedéngt musst selwer erofmaachen, dann hëllefen ech Iech ganz gäer: all Kéier, wann eng aner Partei ewéi Äer iirgendwou genannt gët, da maacht séier déi gréng erof, do kritt Der genuch Ënnerstëtzung!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert