Den Här Asselborn iwwer den EU-Adhesiounsprozess vun der Tierkei

Déi tierkesch Agence Anadolu weist dësen interessanten Interview mam lëtzebuergeschen Bausseminister Jean Asselborn:

http://www.aa.com.tr/en/mod/video-gallery/1967101/stopping-turkeys-eu-process-a-big-mistake-says-luxembourg-fm

Den Här Asselborn mengt et wär en „enorme Feler“  den tierkeschen  Bäitrëttsprozess ze stoppen. Dee Prozess wär am Interessi vun der EU an vun der Tierkei. Et ass mir awer net ganz kloer wou den Interessi vun engem tierkesche Bäitrëtt fir d’EU kéint leien, ausser am réng economeschen Beräich, an dofir brauch een d’Tierkei jo bekanntlech net als Memberstaat opzehuelen.

Op eise Bausseminister a senge Gespréicher wuel och d’Existenzrecht an déi territorial Integritéit vun der Republik Zypern ugeschwat huet?

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert