Den Här Claude Turmes (Déi Gréng) stëmmt net fir Lëtzebuerg!

Gëschter gouf am Europäesche Parlament (EP) scho nees iwwer iwwer d’Sëtzfro vun där Institutioun debattéiert. Dat ass awer eng Decisioun déi prinzipiell de Regierunge virbehal ass a net dem EP, mee dat huet sech souwisou nach ni u sou juristesch-institutionnelle Aspekter gestéiert. D’EP hëllt fir sech an Usproch iwwer dem Gesetz ze stoen.

http://www.europarl.europa.eu/news/de/news-room/plenary/2013-11-18/3

http://www.europarl.europa.eu/news/de/news-room/content/20131118IPR25529/html/MEPs-call-for-a-treaty-change-to-allow-Parliament-to-decide-where-it-sits

Fir Lëtzebuerg ass dat natierlech eng ganz wichteg Fro, wëll wa mir Stroosbuerg opginn, da wanderen och déi Institutiounen déi hei zu Lëtzebuerg sinn, un éichter Plaz d’Sekretariat vum EP, lues a lues all op Bréissel. Et wär also normal, datt déi sechs lëtzebuergesch Europadeputéiert géngen alleguer fir Lëtzebuerg stëmmen.

Abee, dee gréngen Deputéierten Claude Turmes huet dat awer net gemaach! Den Här huet sech enthal. Fir mech ass dat typesch fir dat wat vun dene Géngen ze erwaarden ass: näicht wéi Verrot! Wéi soen dach déi Jonk Gréng scho sou schéin:  „De Patriotismus huet näicht méi hei zu Lëtzebuerg verluer„. Den Här Turmes lieft dat exemplaresch vir!

An dësem Dokument fannen sech d’Voten vun eisen Deputéierten op de Säiten 188 an 189.

Seat of the European Parliament

  Hei ass dee betreffenden Auszuch vun den Enthalungen: “

34 0

  ALDE:          Bennahmias, Crowley, Goulard, Hellvig, Kozlík, Vălean

 ECR:            Češková

 EFD:            Agnew, Batten, Clark, Helmer

 GUE/NGL:  Angourakis, Toussas

 PPE:            Balz, Bauer, Buzek, Carvalho, Casini, Dehaene, Gál, Gáll-Pelcz, Jahr, McGuinness, Mitchell, Siekierski, Urutchev, Vaidere, Zver, Zwiefka

 Verts/ALE:  Cohn-Bendit, Grèze, Jadot, Rivasi, Turmes“

 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert