Den ORK: eng Riisenenttäuschung!

Gëschter owend wor alt nees een vun denen Owender dee mech un dësem Land verzweifele léisst. Den Ombudscomité fir d’Rechter vum Kand (ORK) hat säi Rapport virgestallt. Fänke mir mol mat dem Positiven un : gutt ass et, datt et sou e Gremium gëtt an dankbar sinn ech, datt Leit sech a sou Instanzen engagéieren. Déi aktuell sechs Memberen vun dem Comité hunn dann och gëschter owend betount wéi wichteg datt Kanner hinne sinn.  Gutt sou !

D’Presentatioun  wor dem Zäitgeescht entspriechend flaach. Ech sinn ebe konservativ a mech stéieren scho sou « Kléngegkeeten » wéi datt keen vun denen dräi Hären am ORK eng Cravate un hat. Am Ausland wär dat ganz einfach ondenkbar. Ech hat eng Cravate ugedoen aus Respekt virun denen Leit déi do hire Rapport wëlle presentéieren an éierlech gesot erwaarden ech mir déi selwecht Héiflechkeet vun dene Leit am Comité géintiwwer denen déi sech deplacéieren fir nolauschteren ze kommen. Soss kënne mir dat Ganzt jo och direkt als Pyjamaparty opzéien.

Lo zum Rapport selwer. Et gëtt eng Rei gutt Propositiounen an och eng Rei Iddien déi ee sollt diskutéieren, ë. a.: de Statut vum ORK kann iwwerschafft ginn, d’Presentatioun vu sexualiséierte Kannerbiller um Spaweck muss kritesch iwwerpréift ginn, elektronesch Spiller fir Erwuessener solle net a Geschäfter lafen an déi Kanner Zougank hunn, bei Premium SMS muss de Schutz verstäerkt ginn (zu dem Sujet hat ech de 26. Juni 2013 schonn d’Question parlementaire Nummer 2724 gestallt).  Besonnesch gutt ass, datt den ORK ob d’Bäibehalen vum Ausdrock « autorité parentale » insistéiert (dozou och en Artikel op dësem Blog  iwwer déi sougenannten  « responsabilité parentale »).

Awer lo ginn ech brutal: wat steet an dem Rapport awer och soss fir e geeschtegen Aarmutt ! Amplaatz d’Kannerrechter ze verdeedegen leeft den ORK dacks nëmmen dem Zäitgeescht no.  

Souwäit ech gesinn hunn – sauf erreur de ma part – kee Wuert iwwer de Schutz vun denen ongebuerene Kanner.

Kee Wuert iwwer d’Genitalmutilatiounen bei de Jongen (woubäi ech ausdrécklech begréissen, datt iwwer dee weibleche Pendant geschwat gëtt).

Bei der Gewalt doheem gëtt dee primitivsten a pauschalsten Discours vun de feministeschen Organisatiounen ouni kritesch Reflexioun einfach iwwerholl, inklusiv der Equatioun « témoin = victime ». Den ORK iwwerhëllt déi Texter bis hin zu der Ausklaamerung vun de männlechen Affer. Op der Säit 36 steet z.B. : « En effet, des enfants sont des victimes directes de la violence conjugale, au même titre que les femmes violentées .»   Dat si gläich zwou intellektuell Onéierlechkeeten  an engem Saz. Dat ass mir ë bësschen ze vill. An dem Rapport gëtt et mol net den Ufank vun enger  Evaluéierung  wat dann eventuell wierklech am Interessi vun de Kanner a sou enger Situatioun ass a wat net.

Déi selwecht total geeschteg Abstinenz fënnt een am Kapitel iwwer d’Filiatioun. Beim Homo-Bestietnis kann ee liesen :  (le) «cadre légal doit suivre l’évolution de la société ». Do geet vun de Kannerrechter keng Rieds méi !!!! Réngen Opportunismus a Konformismus !! Ass déi do „évolution de la société“ da vläicht am Interessi vun de Kanner? Oder vun eiser Gesellschaft?

« Le recours à la PMA devrait être possible pour tous les couples, hétérosexuels, homosexuels, mariés, pacsés ou non ».

On y est ! Le droit A l’enfant pour tout un chacun au lieu des droits DE l’enfant. An dat vum ORK !!!  Eéerlech gesot : ech géng dee ganze Comité direkt entloossen.

An da wëllen déi Dammen an Hären och nach Elementer vum islamesche Recht an eiser Legislatioun ophuelen. Mir sollen iwwer d’Kafala legiferéieren. Ma dat kënnt iwwerhaapt net a Fro ! Firwat net gläich déi ganz Scharia ? Argumenter fënnt een jo bekanntlech ëmmer !

Den Haaptsujet vum Owend wor d’Migratioun. An och hei läit den ORK komplett doniewent. Ech zitéieren hei de Kommentar vun engem Här den, wéi ech, entsat ass an dee mir de Moien zu dem Thema geschriwwen huet :

« D’Kanner leide sëcher ënnert der Situatioun vun hiren Elterern dei Asyl ufroen.

Mee tëschent de Linnen liesen ech duerch esou eng Tournuren wei d’Balance sollt emmer zugonschten den Kanner sinn, datt bei Asylverfahren d’Kanner vun den demandeurs d’asile « Zuenglein an der Waage » solle hinn. Mat aller Léift an allem Versteesdemech fir d’Kanner an hir Problemer, kann et dat net sinn. Een Asylverfahren ass nun eemol een Asylverfahren an eenzeg déi Decisioun doriwwer sollt entscheedend sinn. Kanner sollten keen Instrument duerstellen fiir een Asylverfahren ze beaflossen, soss leescht een genee dem Vorschub wat den Ombudskomitee uschwätzt, naemlech dei mësslech Situatioun vu Kanner a sou Verfahren. Kanner sollten bei Asylverfahren net instrumentaliseiert ginn. Genee dat ass awer an der Konsequenz d’Resultat vun den gudden Intentiounen vum Ombudskomitee. »

Mat där Analys sinn ech d’accord. E bësschen méi Realismus, verdéifte Nodenken an  méi Discernement géng dem ORK sëcher gutt doen.

Am Résumé : e puer gutt Iddien, mee am Groussen a Ganzen en ORK dee sénger Aufgab bei wäitem net gewuess ass, trotz aller gudder Intentiounen.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert