Och de fréieren EU- Kommissar Bolkestein verlaangt eng nei Euro-Politik!

Lo kontestéiert souguer schonn e fréieren EU-Kommissar, den Här Frits Bolkestein, déi aktuell Europapolitik a besonnesch den Euro. Hie recommandéiert sengem Land, Holland, aus dem Euro eraus ze goen.

Zësummen mat anere Spëtzenéconomisten huet hien och en Appel fir eng Reform vum Euro ënnerschriwwen.

http://deutsche-wirtschafts-nachrichten.de/2013/04/11/ehemaliger-eu-kommissar-niederlande-muessen-so-schnell-als-moeglich-raus-aus-dem-euro/comment-page-3/

http://www.unzensuriert.at/content/0014255-Europ-ischen-Spitzen-konomen-fordern-Ende-des-Euro

Ech notéieren, datt hei am Land alléng d’ADR sech mat dësen Entwécklungen an Europa beschäftegt. Déi aner Parteien maache nach ëmmer sou, wéi wann am europäeschen Haus alles an der Rei wier. Dat ass awer absolut net de Fall!

Tatsaach ass, datt den Euro, dee joerelaang nëmmen duerch  Vertragsverletzungen a Ligen iwwerlieft huet, amgaangen ass déi Europäesch Unioun ëmmer méi ze splécken. Dat läit awer net an eisem nationalen Interessi also musse mir no Léisunge sichen. 

Déi Grondviiraussetzungen fir an Europa eng Währungsunioun kënnen op laang Siicht duerchzehalen, dorënner e komplett liberaliséierte Bannemaart, existéieren nët. Et wär och vollkommen onrealistesch fir ze mengen, datt sou e Bannemaart um Verhandlungswee ze ereeche wär. Den Här Bolkestein selwer huet jo zu dem Thema vill ze verzielen, wéi och zu Recht an engem vun denen zitéierten Artikel gesot gëtt.

Mir mussen also aner, méi realistesch Léisungen ënnersichen. D’Opdeelung vun der Eurozon ass ee vun dene Weeër déi mussen diskutéiert ginn. Mee och hei zu Lëtzebuerg musse  mir sou lues mat där Diskussioun ufänken. De Kapp an de Sand stiechen an hoffen, datt alles gutt geet, ass  mat Sëcherheet keng Optioun. Dofir ass eis Währung vill ze vill wichteg!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert