Freet RTL sech op d’Kannereuthanasie?

D’Barbarei an Holland an an der Belsch fir krank Kanner a Behënnerter ze ermuerden huet jo och zu Lëtzebuerg eng ganz Rei Unhänger. Anscheinend gehéiert och RTL zu denen. Wann ech mir de Reportage op RTL unhéieren, da mierken ech dat do sou Ausdréck gebraucht ginn, wéi datt d’Euthanasiegesetz „en faveur“ vun de Kanner soll ausgedehnt ginn. Den RTL Interviewpartner wor och ganz eesäiteg erausgesicht: de President vun der pro-Euthanasie-Bewegung. E Géigner vun der Euthanasie, wéi z.B. déi kathoulesch Kierch oder e Spezialist an  der Palliativmedizin, gouf schonn iwwerhaapt net gefrot. RTL eben, Objektivitéit a journalistesch Qualitéit a Vollendung.   

http://news.rtl.lu/news/international/487921.html

An der Belsch selwer hunn d’Kierchen an d’Reliounscommunautéiten hir Oppositioun wësse gelooss:

http://www.lalibre.be/debats/opinions/les-chefs-religieux-en-belgique-parlent-d-une-meme-voix-de-l-euthanasie-527b902335703e420f414851

Hei am Land huet déi grénglackéiert Faschistepartei  jo schonn hei an der Chamber proposéiert fir scho gebuere Kanner ëmzebréngen a kéngesfalls nëmmen där vu 16 oder 17 Joer. Dozou gëtt et e Bäitrag op dësem Blog. Ech hat dat deemols kritiséiert an dat halleft Parlament, déi ganz zukünfteg Gambia Koalitioun plus déi Lénk, sinn aus der Chamber erausgelaf (Bäitrag op dësem Blog: „Gréng-roude Faschismus“).

Déi Blo sinn zwar deemools solidaresch mat eraus gelaf, mee ech freeë mech awer fir festzestellen, dat et an där bloer Partei eenzel Géigner oder wéinstens mol kritesch Stëmmen géint d’Kanner- an d’Behënnertenermuerdung gëtt. Gëschter kruut ech zwee Linken op dee lëtzebuergesche Blog „L for Liberty“ geschéckt fir déi ech dankbar sinn an déi ech och gär hei publizéieren.

http://lforliberty.wordpress.com/2013/11/20/sterbehilfe/ 

 http://lforliberty.wordpress.com/2013/10/03/doppelte-perversion/

Fir de Fall wou d’Gambia-Koalitionären nach net mat hirem Programm fäerdeg wären, kënnen si sech jo hei inspiréieren:

http://de.wikipedia.org/wiki/Kinder-Euthanasie

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert