Gender beim Spillgezei

Eng Rei Firmaen déi Spillgezei verkafen gi well „gegendert“ Katalogen eraus: op de Biller spillen d’Jongen mat Meedercherspillgezei an ëmgedréint. An der Wierklechkeet ass dat extrem rar, well Jongen a Meedercher ebe vu Natur aus aanecht sinn an sech a villerlee Hinsicht fir aner Saachen interesséieren.

Ech verweisen an dem Zësummenhank op de Film vum Här Eia op dësem Blog beim Artikel „Girls’Day, Boys‘ Day, Nonsense Day“.

Eng vun dene Firmaen déi dat maachen ass déi franséich Firme „Système U“:

http://fr.wikipedia.org/wiki/Syst%C3%A8me_U

an hei ass e Reportage iwwer dee Katalog:

http://www.lamanifpourtous.fr/fr/toute-la-presse/941-un-catalogue-de-noel-unisexe-cree-la-polemique

Ech menge net, datt déi Firma hei am Land vertrueden ass. Jiddefalls géng ech meng Cadeauen net dohi kaafe goen, mee nëmmen an anstänneg, genderfräi Geschäfter. 

Et ass a mengen An ëmmer wichteg op déi natierlech Verschiddenheet a wonnerschéin Komplementaritéit vun denen zwee Geschlechter opmierksam ze maachen an all Ligen-Ideologie ze bekämpfen déi d’Natur vum Mënsch verleegent.

Aktualiséierung (24.11.13)

an hei nach eppes aus Amerika:

http://www.rue89.com/rue69/zapnet/2013/11/24/3-filles-puissantes-vues-8-m-fois-6-jours-youtube-247810?device=pc

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert